Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéini decidéiert sech wie Lëtzebuerg wäert vertrieden?

Eurovision Songcontest

Wéini decidéiert sech wie Lëtzebuerg wäert vertrieden?

Lëtzebuerg ass och d‘nächst Joer rëm beim Eurovision Songcontest dobäi. Wien zu Basel de Grand-Duché vertrëtt, decidéiert sech de 25. Januar zu Esch an der Rockhal, wéi RTL matdeelt.

auto_stories

1 min

Am Moment gëtt et nach e Chantier an der St. Jagobshalle zu Basel, an där den ESC 2025 soll sinn. (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Thomas Hess)

D‘Aschreiwunge fir beim Casting mat ze maache lafen nach bis de 6. Oktober. Eng international Fachjury wielt déi beschte Kandidatinnen a Kandidaten aus, an déi trieden dann am Januar an enger Live Emissioun op der Televisioun géinteneen un. 

De Public an eng international Jury decidéieren do, wéi eng Sängerin oder wéi ee Sänger, respektiv wéi eng Band Lëtzebuerg um ESC zu Basel vertrëtt.