Selbstverständlech ass Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht net eisen eenzege gesellschaftleche Problem. D‘Logementskris, d’Klimakris oder d’Flüchtlingskris erschénge vill méi dringend a prioritär.
Hei besteet awer en Denkfeeler: Éischtens sinn ech ganz frou, datt d’Politik vill Sujete gläichzäiteg ugeet an ech mech net muss decidéieren, ob ech léiwer proppert Waasser, eng gutt Sozialversécherung oder Mesurë géint genderbaséiert Gewalt hätt.
Gender matdenken
Zweetens ass Gender Mainstreaming kee Sujet fir sech, et ass eng Strategie, déi an all de genannte Beräicher Uwendung fënnt an zur Léisung vun de Problemer bäidréit.
Et ass net Zil vun där Strategie ze soen: lo kucke mir fir d’éischt emol, datt all Fraen a geschlechtlech Minoritéiten endlech hir Rechter erfëllt kréien an dono kucke mir nom Logement, nom Klima a no de Kricher. Nee, d’Iddi ass et beim Logement, beim Ëmweltschutz oder bei der Aussepolitik Gender matzedenken.
De Begrëff an d’Method ronderëm den Gender Mainstreaming sinn 1995 bei der Weltfraekonferenz zu Peking entstanen. Gender ass dat englescht Wuert fir dat soziaalt Geschlecht, also all Rollenzouschreiwungen, déi als typesch männlech oder weiblech gëllen a vu kleng u geléiert ginn.
Mainstreaming ass och en englescht Wuert a bedeit, datt eppes allgemeng ëmgesat gi soll. Gender Mainstreaming mengt déi bewosst Berécksiichtegung vu Geschlecht an alle politeschen Decisiounen.
Mesure fir Ongläichheeten auszegläichen
Zil ass et Bedingungen ze schafen, déi kee Mënsch opgrond vu sengem Geschlecht bevirdeelegen oder benodeelegen. Dofir gëtt als éischt analyséiert ob et an engem bestëmmte Beräich Ongläichheeten tëscht de Geschlechter gëtt.
Falls jo, gëtt gekuckt wou d’Ursaachen dovu leien. Duerno gi Mesuren ausgeschafft fir déi bestoend Ongläichheeten auszegläichen, da gi se getest a reegelméisseg iwwerpréift a wann néideg ugepasst.
Bezunn op eis Logementskris géif Gender Mainstreaming bedeiten, datt fir d’éischt géif analyséiert ginn, ob a wéi verschidde Geschlechter ënnerschiddlech betraff sinn. Mir wëssen zum Beispill, datt elengerzéiend Eltere mat Kanner et besonnesch schwéier hunn eng Wunneng ze fannen. Iwwer 80 % dovu si Fraen. Mir wëssen och, datt vill Fraen, déi Affer vun haislecher Gewalt si bei hire Partner bleiwen, well d’Fraenhaiser ausgelaascht sinn a si sech eleng näischt kënne leeschten.
De massiven Ausbau vu Sozialwunnengen, déi am Besëtz vum Staat bleiwen a vun dësem verlount gi gëtt allgemeng als Léisung fir d’Logementskris unerkannt. Wann d’Viraussetzungen, fir eng Sozialwunneng lounen ze kënnen awer genderneutral sinn, gëtt et e Risk, datt et och hei wäert geschlechtsbaséiert Diskriminéierung ginn. Gendermainstreaming géif dat verhënneren. Eng konkret kuerzfristeg Mesure kéint sinn, beim Bau vu Sozialwunnenge Plazen ze reservéiere fir déi betreffend sozial Gruppen.
En anert Beispill ass d'Familljepolitik. Hei géif Gender Mainstreaming weisen, datt Pappe vu vir era manner Zäit mat hire Kanner verbrénge kënnen, wéi Mammen. Eng Mesure fir dem entgéintzewierke wier zum Beispill eng Verlängerung vum Gebuertscongé.
Et braucht déi néideg Kompetenz
Fir Gendermainstreaming gutt ëmsetzen ze kënne brauche mir Leit mat Genderkompetenz – déi léisst sech léieren, zum Beispill iwwert eng obligatoresch Formatioun fir all Fonctionnair a Salarié am ëffentlechen Déngscht. Hëllefräich ass ausserdeem eng paritéitesch Besetzung op mannst vun de Féierungspositiounen.
En Deel vum Gendermainstreaming ass Genderbudgeting. Dat heescht, datt all Recetten an Depensë mat enger Genderperspektiv gekuckt gi fir ze erkennen, wéi eng Auswierkungen si op Mënsche vun ënnerschiddleche Geschlechter hunn. Zil ass eng geschlechtergerecht Verdeelung vun ëffentleche Gelder – dëst hätt eng grouss Auswierkung op déi tatsächlech Geschlechtergläichstellung.
Wann Gendermainstreaming Grondsaz vum neie Regierungsprogramm gëtt an, wann et e staarken a klore politesche Wëlle gëtt dëse Grondsaz konkret ze verfollegen, komme mir der sozialer Gerechtegkeet hei am Land e gutt Stéck méi no.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.