Radioen

On air

Notturno  |  Jordan Rakei - Wildfire

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Vun Affekot ugesicht: Reporter.lu misst sech viru Geriicht veräntwerten

Justiz

Vun Affekot ugesicht: Reporter.lu misst sech viru Geriicht veräntwerten

Um Stater Geriicht hu sech um Freidegmoien eng Journalistin vu reporter.lu, de Gérant an d’Sàrl misse veräntweren. En Affekot hat si iwwer eng Citation directe ugesicht. Mëtt Februar hat den Online-Medium en Artikel bruecht iwwert den Affekot.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Text war dovu Rieds, datt de Barreau dem Mann bis op Weideres verbueden hätt, fir säi Beruff ze exerzéieren. Ufank Februar hat den deemolege Bâtonnier Pit Reckinger der Procureure générale d’État Martine Solovieff e Bréif an deem Sënn geschriwwen. Dem Affekot gouf virgehäit, géint seng anti-Blanchiments-Obligatioune verstouss ze hunn.

Affekot gëtt Blanchiment zou

An der Sëtzung goung et virun allem ëm de Bréif vum Ex-Bâtonnier un d’Procureure générale d’État. De Me Ahmed-Boudouda, Affekot vum Affekot, sot, hie wier schockéiert gewiescht, well Saachen an deem Artikel stoungen, déi hien net héieren hätt bei zwou Auditioune vu sengem Mandant. D’Informatioun iwwert d’Verbuet fir ze exerzéiere géif ënnert d’Beruffsgeheimnis falen.

Et wier en illegalen Akt, sou e vertraulecht Dokument virunzeginn, an et géif sech d’Fro stellen, wien dat gemaach hätt. Säi Client hätt 5 Méint an Untersuchungshaft gesiess. Op fräiem Fouss misst hie sech elo géintiwwer der Ëffentlechkeet justifizéieren. "Entsprécht dat, wat am Artikel steet, dann net der Wourécht?", huet d’Presidentin vum Geriicht gefrot. Wouropshin de Me Ahmed-Boudouda de Virworf vum Blanchiment zouginn huet. Vun der Journalistin fuerdert hien nawell 200.000 Euro Schuedenersatz.

Béid Säite fuerdere Schuedenersatz

Fir de Me Hurt, Affekot vun der Journalistin, ass de Bréif net nëmmen net vertraulech. Och hätt de viregte Bâtonnier nach drageschriwwen, datt de Barreau intervenéiere misst, fir datt den Affekot net "potenziell aner Strofdote" verursaache kéint. Et hätt een et hei mat enger Procédure-bâillon ze dinn. Enger abusiver Justizprozedur, déi den ëffentlechen Debat verhënneren an aschränke soll. Déi géif begleet gi vun onbegrënnte finanzielle Fuerderungen. Am Artikel géif et effektiv ëm d’Informatioun goen, datt den Affekot säi Beruff net méi exerzéieren dierft. D’Journalistin hätt am Text allerdéngs och op d'Onscholdsvermuddung higewisen. De Me Hurt huet um Enn 10.000 Euro Schuedenersatz fir si gefrot.

De Me Charel Müller, Affekot vum Gerant a vun der Sàrl, huet iwwerdeems gemengt, den Affekot hätt net nëmme schlecht geschoss, wou e guer net hätt solle schéissen. Hien hätt och nach déi falsch Zilscheif getraff. Virun deem Hannergrond huet de Me Charel Müller am Ganzen 12.000 Euro Schuedenersatz fir seng Mandante gefuerdert.

Lauschterenplay_arrow