Radioen

On air

Notturno  |  Dawn To Dawn - Meridian

play_arrow Live
search

/ Vëlkermord-Plainte géint Däitschland: ICJ trëfft haut eng Virentscheedung

Internationale Geriichtshaff

Vëlkermord-Plainte géint Däitschland: ICJ trëfft haut eng Virentscheedung

Bei der Plainte vu Nicaragua géint Däitschland wéinst Bäihëllef u Vëlkermord an der Gazasträif soll den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag haut eng Virentscheedung treffen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin
(Foto: picture alliance / Zoonar | Nikolai Sorokin)

Dat héchst UNO-Geriicht soll haut awer nëmmen iwwert déi urgent Demande vu Nicaragua decidéieren. Do gëtt ënner anerem gefuerdert, datt Däitschland d‘Liwwerung vu Waffen a militäreschem Material un Israel stoppt.