arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA wëlle 5.000 Zaldoten a Polen stationéieren

Donald Trump deelt mat

|
reading time

1 min

USA wëlle 5.000 Zaldoten a Polen stationéieren

Den US-President Donald Trump wëllt 5.000 weider Zaldoten a Polen schécken. Dat huet hien op Truth Social annoncéiert, ouni méi präzis ze ginn. Grond dofir wiere seng gutt Relatioune mam rietskonservative polnesche President Karol Nawrocki.

reading time

1 min

©  EPA/VALDA KALNINA
(Foto: EPA/VALDA KALNINA)

Virun dräi Wochen haten d‘Amerikaner op annoncéiert, 5.000 Zaldoten aus Däitschland wëllen ofzezéien. Dat well den däitsche Kanzler Friedrich Merz den amerikanesche President kritiséiert hat.