Éischten Informatiounen no kéint ee futtist Ventil d‘Ursaach vun enger Lacune am Lager sinn. Den Tank mat der gëfteger Chemikalie gëtt den Ament vu bausse mat Waasser gekillt. Schlëmmste falls kéint et zu enger onkontrolléierbarer Explosioun kommen, heescht et nach vun de lokalen Autoritéiten.
arrow_back_ios
Noriichten
USA
|USA: Lager mat extrem brennbarer Chemikalie drot zu Los Angeles ze explodéieren
Zu Los Angeles a Kalifornien drot ee grousst Lager mat enger extrem brennbarer a geféierlecher Chemikalie ze explodéieren. Den Ament leeft eng gréisser Evakuéierungsaktioun. Ronn 40.000 Awunner goufen opgeruff, hiert Doheem ze verloossen a sech a Sécherheet ze bréngen.
Los Angeles, Kalifornien (Foto: picture alliance / Zoonar | FRANK PETERS)