Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sven Clement: Politescht Mandat méi wichteg wéi Perséinleches

Piratepartei

Sven Clement: Politescht Mandat méi wichteg wéi Perséinleches

Bei der Piratepartei soll am Oktober op véier net ëffentleche Bezirks-Rendez-vousen iwwer eng Upassung vun de Statuten a Strukturen diskutéiert ginn. Duerno solle Kongresser organiséiert ginn, fir de Vott vun den neie Statutten a fir eng Neibesetzung vun alle Posten. Strukturell wier d'Piratepartei net prett gewiescht fir dräi Walkämpf ze féieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Dat hätt zu Reiwereien an der Partei geféiert, esou d'Analys vum Parteigrënner an Deputéierte Sven Clement, am Kontext vum Sträit mam Deputéierte Marc Goergen an dem Parteiaustrëtt am Juli vum Deputéierte Ben Polidori.

Zur Fro vun de Parteiaustrëtter seet de Sven Clement, datt et nach eng ganz Rëtsch Leit géife ginn, déi un de Projet gleewen.

No Annonce vum Daniel Frères: Ultimatum wier net säi Stil gewiescht

Wann de Sträit tëschent Sven Clement a Marc Goergen net virum Kongress geléist ass, da wéilt hien d'Partei verloossen, hat de Réimecher Gemengerotsmember Daniel Frères d'lescht Woch bei RTL ugekënnegt. Den Daniel Frères géif sech ganz staark beméien, de Projet Piratepartei zum Neiufank ze féieren, erkläert de Sven Clement. Seng Vermëttlerroll, déi den Daniel Frères probéiert hätt anzehuelen, géif hien éieren, fënnt de Sven Clement.

"Ob een dat da muss mat Ultimatume verbannen, dat wär elo net mäi Stil gewiescht.“

Opléisung vun der Sensibilité steet net am Raum

Nom Parteiaustrëtt vum Ben Polidori hat de Marc Goergen am Juli net ausgeschloss, datt déi politesch Sensibilitéit vun der Piratepartei an der Chamber kéint opgeléist ginn. Bis elo stéing esou eng Opléisung net am Raum, esou de Sven Clement. Hien ass der Meenung, datt dat politescht Mandat méi wichteg wier, wéi Perséinleches.

Bei alle Froen iwwer de Sträit mam anere Piratendeputéierte Marc Goergen äussert de Sven Clement sech virsiichteg. Hie wéilt keen Ueleg op d'Feier kippen. D'Fro, wéi d'Zesummenaarbecht mam Marc Goergen an der Chamber wäert ausgesinn, bleift fir de Moment ouni konkret Äntwerten. De Kontakt tëschent béide Politiker schéngt awer net komplett ofgerass ze sinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft