Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Velvet Underground - Rock And Roll

play_arrow Live
search

/ D'Stéphanie Empain kéint sech virstellen, fir d'Co-Parteipresidence vun déi gréng ze kandidéieren

D'Lëtzebuerger Land mellt

D'Stéphanie Empain kéint sech virstellen, fir d'Co-Parteipresidence vun déi gréng ze kandidéieren

Déi fréier gréng Nord-Deputeiert Stéphanie Empain wier „absolut net ofgeneigt“ fir hir Kandidatur fir d‘Co-Presidence vun déi gréng ze stellen, mellt d‘Lëtzebuerger Land vun haut.

auto_stories

1 min

Viru Kuerzem hat jo och schonn de fréieren Deputéierte François Benoy op eiser Antenn säi Interessi fir déi Co-Presidence ugemellt. D‘Stéphanie Empain a de François Benoy kéinten domat d‘Successioun vun den aktuelle grénge Presidente Meris Sehovic an Djuna Bernard iwwerhuelen.