Virgëschter huet d’Yuriko Backes déi nei Trajectoire an der Chamber presentéiert. Bis 2035 mussen den Equivalent vu 5 Prozent vum RNB (Revenu national brut) an d’Defense gestach ginn. 3,5 Prozent fir militärescht Equipement, de Rescht an Investissementer, déi op eng aner Aart a Weis relevant fir d’Sécherheet ass.
Trajectoire just bis 2029 virginn: 3 Grënn firwat dat esou ass
Bis 2029 lant een da bei 2,3 Prozent. Wéi et dono viru geet huet d’Ministesch nach net preziséiert. Dat aus dräi Grënn, wéi si am 100,7-Interview erkläert.
“Mir wëssen haut net, wéi d’Welt an 3 Joer ausgesäit. Ausserdeem ass et dat, wat d’NATO decidéiert huet zu Den Haag. Dat Zil gouf festgeluecht.”
2029 wëllt d’NATO och eng Zort Tëschebilan zéien a sech och nei Ziler ginn, erkläert d’Yuriko Backes. Deem wëllt d’Regierung mat hirer Trajectoire Rechnung droen.
Dobäi kënnt, datt 2028 Chamberwalen zu Lëtzebuerg sinn. Et wéilt een eng nei Regierung net virun e Fait accompli stellen, betount d’DP-Ministesch. Si betount awer, datt een dat Zil vun 3,5 Prozent “absolut net” a Fro géing stellen. “Och eng nächst Regierung ass doru gebonnen.”
"Mir mussen och der nationaler Situatioun Rechnung droen"
Mat enger Progressioun vun 0,1 Prozent pro Joer kënnt een awer bis 2035 net un d’Zil vun 3,5 Prozent erun. Dofir muss een no 2029 nach eng Schëpp drop leeën. D’Yuriko Backes erkläert, datt d’NATO net festgeluecht huet, wéi déi Trajectoire ausgesi muss. Se muss also net linear sinn.
“Mir mussen och der nationaler Situatioun Rechnung droen. De Spagat dotëschent ass net einfach. Déi Trajectoire, déi ech virgestallt hunn, ass eng néideg Äntwert an engem schwierege Kontext. Mee et si raisonnabel Efforten, déi mir decidéiert hunn.”
Et kéint een och net ëmmer nëmmen a Capacitéiten investéieren, esou d’Yuriko Backes. Et miss een och d’Personal an der Arméi dofir fannen an ausbilden, an dat kascht Zäit. Dofir wier d’Trajectoire “eppes Realistesches”.
Vu "Sue spuere" ka keng Ried sinn
Datt een drop spekuléiere géing, datt bis 2029 kee Krich a Konflikt méi sinn, wier “naiv”, esou d’Ministesch. Et géing een aktuell och net “blann an eng Rüstungsspiral” investéieren, mengt d’Yuriko Backes.
“Mir hunn eis déi lescht Joerzéngten op d’Amerikaner verlooss fir eis Verteidegung. Déi Zäite sinn eriwwer. Kloer ass, datt mir als Europäer mussen no eiser Verteidegung kucken.”
Si fënnt och net, datt ee sech mat där Trajectoire bis 2029 méi Plaz fir ze Ootme léisst wat d’Innepolitik ugeet. “Et bleift eng Croissance”, seet d’Yuriko Backes. Sue géingen egal wéi keng gespuert ginn, wann een all Joer méi Suen ausgëtt.
“Wat mir hei maachen ass de Spagat tëschent deem, wat een als solidareschen NATO-Partner maache muss, an den nationale Schwéierpunkten.”
Breet Bevëlkerung stellt Ausgaben net a Fro
Wann ee vu Prozenter schwätzt kann ee séier vergiessen, ëm wéi vill Suen et hei geet. Mir schwätze vun 1,37 Milliarden Euro nächst Joer, 1,51 an zwee, an 1,66 an 3 Joer.
D’Yuriko Backes ass iwwerzeegt, datt déi breet Populatioun dës Ausgaben ënnerstëtzt. Si zitéiert rezent Eurobarometer-Ëmfroen, déi weisen, datt d’Leit sech Suergen iwwer d’Sécherheet an d’Verteidegungsfäegkeet vun Europa maachen.
“Och Lëtzebuerger sinn en Faveur vun enger renforcéierter Defensepolitik. Lëtzebuerger sinn och iwwerzeegt, datt Europa e Friddensprojet ass. D’Leit suivéieren d’Nouvellen, si wësse wat geschitt.”
Bei de Prioritéite vun de Lëtzebuerger wat den EU-Budget ugeet géing den Invest an d’Sécherheet vun Europa op éischter Plaz stoen, seet d’Defenseministesch.
Gefor wéint hybrider Krichsféierung
Mee géint wéi eng konkreet Gefor muss Lëtzebuerg sech schützen? Wëllt de Putin éieren eis iwwerfalen?
Et géing keng spezifesch Menace fir Lëtzebuerg ginn, seet d’Yuriko Backes. Mee et dierft een net just op sech kucken. Et misst een déi ganz NATO a Betruecht zéien.
“Wa Russland e baltesche Staat attackéiert, dann ass de Wee fir Missillen op Lëtzebuerg net méi vill méi wäit. A Krich ass net just wa Rakéite fléien oder Panzer rullen. Mir schwätze vun enger hybrider Krichsféierung.”
Europa – an domadder och Lëtzebuerg – missten a staarke Pilier vun de NATO sinn, ënnersträicht d’Yuriko Backes.
National Wirtschaft ka profitéieren
Beim ganzen Invest kann een awer och op positiv Effekter fir eis Wirtschaft hoffen. Effektiv wier den Ekosystem vun der Defenseindustrie zu Lëtzebuerg an de leschte Jore gewuess.
“Lux-Innovation huet e Mapping gemaach. Virun e puer Joer waren eng 20, 30 Entreprisen an deem Ekosystem aktiv. Haut sinn et der méi wéi 100.”
Dobäi géing een och ëmmer kucken, fir Lëtzebuerger Entreprisen an deem Secteur ze ënnerstëtzen, esou nach d’Yuriko Backes.
Datt awer duerch wirtschaftleche Wuesstem den RNB klëmmt, an domadder och nees d'Obligatioune vis à vis vun der NATO, weess d'Ministesch och.