Radioen

On air

9 bis 1  |  Fënster Op

play_arrow Live
search

/ Sea Watch kritt Accès op Dokumenter vu Frontex 

Europäesche Geriichtshaff

Sea Watch kritt Accès op Dokumenter vu Frontex 

Déi humanitär Organisatioun Sea Watch kritt Accès zu Dokumenter vun den europäesche Grenzschützer Frontex. Dat huet den europäesche Geriichtshaff decidéiert. Sea Watch hat do geklot, well et sech iwwer eng bestëmmten Aktioun vu Frontex am Mëttelmier wëll informéieren.

auto_stories

1 min

Sea Watch | © Sea Watch
Sea Watch (Foto: Sea Watch)

Et geet ëm Fotoen a Rapporten an deene steet, ob sech un d‘Reegele vum Refoulement gehale gouf oder net. Frontex hat bis elo refuséiert, déi Dokumenter eraus ze ginn.