Radioen

On air

9 bis 1  |  Triana Y Luca - Raíz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Salariéë fuerdere Kloerheet a Transparenz

Caritas

Salariéë fuerdere Kloerheet a Transparenz

Fir d‘éischte Kéier mellen sech nom Finanzbedruch bei der Caritas eng Partie Salariéen a Clientë vun der Organisatioun an engem oppene Bréif zu Wuert: Si fuerderen, datt opgehale gëtt, Onschëlleger ze bestrofen.

auto_stories

1 min

Caritas | © Wikimedia Commons
Foto: Archiv

Vum 1. Oktober un, iwwerhëlt déi nei ASBL HUT (Hëllef um Terrain) déi national Aktivitéite vun der Caritas an domat iwwer 300 vu 500 Mataarbechter:inne vun der Caritas Fondatioun an der asbl Caritas Accueil et solidarité. Déi meescht Mataarbechter hätten effektiv Hoffnung fir iwwerholl ze ginn, mee näischt géif sécher schéngen, well bis elo nach bal kee mat hinne geschwat hätt.

Et géif keng Erklärungen, keng Propose fir Kontrakter a keng kloer Äntwerten ginn, nëmme Rumeuren an Onsécherheet. Dofir appelléieren d‘Signatairen un d‘Responsabel vun där neier Entitéit „HUT" an un d‘Regierung fir „opzehale mat der Scharad“ a mat hinnen ze schwätzen.