Russland huet d‘lescht Nuecht eng Mëttelstreckerakéit vum Typ „Orechnik“ géint d’Ukrain agesat. Dat hunn den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an och de russesche Verdeedegungsministère no neien massive russeschen Attacken an der leschter Nuecht confirméiert. Dës Rakéit soll och nuklear asazfäeg sinn.
Kritesch Infrastruktur ënner beschoss
No Aussoe vum ukrainesche President Selenskyj gouf op eng Waasserversuergungs-Infrastruktur ofgeschoss. Dobäi wieren och Dosende Wunngebaier an e puer Schoule getraff ginn.
De Wolodymyr Zelensky huet de russesche President Wladimir Putin dofir schaarf kritiséiert a vu „verréckten Attacke“ geschwat.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat gëschter um Samschdeg Owend virun enger Attack gewarnt. D'Ukrain hat gëschter sengersäits Dronenattacken op Russland lancéiert, an ënnert anerem een Uelegtank an enger russescher Industriezone getraff. Ee Féier war doropshin ausgebrach.
Polen an Alarmbereetschaft
Déi russeschen Dronenattacken op d'Ukrain, hunn an de leschte Wochen nees däitlech zougeholl. Wéinst den intensivéierte russeschen Attacken, mellt d‘ukrainesch Nopeschland Polen hir Loftofwier an Alarmbereetschaft gesat ze hunn.