Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Zodiac Feat. James Baley

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung Barnier gouf gestierzt

Frankräich

Regierung Barnier gouf gestierzt

A Frankräich gouf d'Regierung vum Premierminister Michel Barnier duerch e Mësstrauensvott vun der Oppositioun gestierzt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

D'Initiativ, déi vun der Gauche initiéiert gouf, krut mat der Ënnerstëtzung vum rietsextreeme Rassemblement National eng Majoritéit vun 331 Stëmmen - 43 méi wéi néideg. De Michel Barnier, deen zanter ronn dräi Méint am Amt ass, muss elo säi Récktrëtt beim President Emmanuel Macron areechen.

D'Mathilde Panot vu La France Insoumise, déi d'Motion de Censure abruecht hat, sot nom Vott, datt d'Regierung Barnier wéinst engem brutale Budget gefall wier. Et hätt ee schonn zanter dem éischten Dag gewosst, datt dës Regierung géif falen. Se wier vun Ufank un eng Provokatioun gewiescht.

Lauschterenplay_arrow

Wat sinn dem Emmanuel Macron seng Optiounen?

Et ass eng éischte Kéier zënter 1962, datt eng Regierung e Mësstrauensvott net iwwersteet. Kloer ass domadder, datt e Regierungswiessel kënnt an dat nëmmen dräi Méint no deem leschten. Ongewëss ass awer, wien elo d’Land regéiere kéint a virun allem wéi, well Neiwale ginn et fréistens am Summer, a Majoritéite ginn et keng an der Assemblée nationale. Eng denkbar schwiereg Ausgangslag, mengt eise Korrespondent zu Paräis, de Max Tholl.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.