Bis elo hat déi franséisch Regierung ëmmer nees betount, datt ee vu Mount zu Mount géing d’Situatioun evaluéieren an deementspriechend Mesuren decidéieren.
Et géing een dëser Philosophie zwar trei bléiwen, sot de Premier Sébastien Lecornu, mee d’Ausmooss vun de staatlechen Hëllefen awer adaptéieren. Well, dat huet de Premier ënnerstrach: Nach ka kee viraussoen, wéi laang de Krich an d’Pëtrolskris nach wäerten daueren, mee se wäerten daueren.
Millioune Fransouse kéinten 20 Cent de Liter spueren
710 Millioune wäert d’Regierung dofir an den nächste Méint investéieren, fir de Betriber an den Employéen ze hëllefen. Zum Beispill gëtt de Plafond vun der Prime carburant vun 300 Euro op 600 Euro verduebelt an den Zougang vereinfacht. Dës steierfräi Primm ka vun de Patronen un hier Salariéen ausbezuelt ginn.
Och d’Aide Grand Rouleurs gëtt vu 50 Euro op 100 Euro erhéicht an ëm dräi weider Méint verlängert. Fir eng 3 Millioune Fransousen, déi vill fueren a wéineg verdéngen, heescht dat, datt si an der Moyenne 20 Cent op de Liter spueren.
Steierbaisse kënnt net
D'Hëllefe fir den Transportberäich an d’Landwirtschaft gi geneesou ëm dräi Méint verlängert.
Eng generell Steierbaisse, wéi se zum Beispill de rietsextremen Rassemblement National (RN) fuerdert, huet de Sébastien Lecornu awer ausgeschloss. Dat wier ze deier fir déi ëffentlech Finanzen. D’Steiere géingen awer och fir d’nächst Joer net erhéicht ginn.
Limitatioune beim Tempo oder bei der Circulatioun schléisst de Premier aus. Et sollt een d’Léit net emmerdéieren. Déi wéisste selwer, wéi si sech spuersam verhale sollen.