Radioen

On air

E-Lodie  |  From Overseas, James Bernard, Zakè - Flint

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Peking fuerdert op en Neits e séiere Waffestëllstand an der Ukrain

Krich an der Ukrain

Peking fuerdert op en Neits e séiere Waffestëllstand an der Ukrain

Nodeems d’USA ugekënnegt hunn, Kiew am Krich mat Russland Laangstreckerakéite liwweren ze wëllen, rifft China op en Neits zum Fridden an der Ukrain op.

auto_stories

1 min

China Fändel | © Arthur Wang
Foto: Arthur Wang

De Spriecher vum chineeseschen Ausseministère sot um Méindegmoien zu Peking, d’Situatioun an der Ukrain misst sou séier wéi méiglech berouegt ginn. De Lin Jian huet an deem Kontext e séiere Waffestëllstand an eng politesch Léisung gefuerdert.

De Kreml huet iwwerdeems gemengt, den US-President Joe Biden géif Uelech op d’Feier geheien, andeems hien ukrainesch Rakéitenattacken op Russland erlaabt.