An der Plenière krut d'Paulette Lenert um Donneschdegmëtteg vun den aneren Deputéiert felicitéiert. Et wier een emotionale Moment, sot d’Paulette Lenert, wéi si hir Zäit um Krautmaart reflektéiert huet.
"Datt ech ganz dankbar sinn, dat ass dat, wat ech haut empfannen, fir déi Zäit hei konnten ze verbréngen. Et sinn Debatte gewiescht, Meenungsverschiddenheeten, déi sinn ëmmer am géigesäitege Respekt ofgelaf."
Si hätt d'Chamber eréischt richteg kennegeléiert, wéi si bis dra war, esou d'Paulette Lenert.
"Et gesäit een hanner d'Kulissen. Et gesäit ee wat d'Aarbecht ass. Mir huet dës Zäit ganz vill bruecht. Ech soen Iech alleguerte Merci fir d'Ënnerstëtzung."
Luef vum Chamberpresident
Och de Chamberspresident, Claude Wiseler (CSV), huet d’Geleeënheet genotzt fir e puer Wuert un d’Paulette Lenert ze riichten.
"Ech sinn iwwerzeegt, datt Dir beschtens preparéiert sidd op déi nei Missioun am Conseil d'État. Dir bréngt niewent Ärer juristescher Kompetenz och déi néideg politesch Erfarung mat, well Dir net nëmmen d'Regierung, mee och d'Chamber an hiert Fonctionnement kennt. An all deene Joren hutt Dir ëmmer Rou a Mënschlechkeet ausgestraalt."
D’Propositioun vun der Chamber geet elo weider un de Grand-Duc, deen d’Paulette Lenert da fir de Staatsrot muss nominéieren. Dëst gëllt awer als eng Formalitéit. Bis zu hirer offizieller Vereedegung bleift si Member vun der Chamber.