Radioen

On air

Notturno  |  Eric Chenaux - Hello, How? And Hey

play_arrow Live
search

/ Parlamentaresch Fro an der Affär Sarah de Nutte: Sportminister soll sech elo zu Wuert mellen 

Chamber

Parlamentaresch Fro an der Affär Sarah de Nutte: Sportminister soll sech elo zu Wuert mellen 

Am Kader vun der Affär Sarah de Nutte huet de Marc Baum elo eng parlamentaresch Fro un de Sportminister gestallt. Den Deputéierte vun déi Lénk wëll vum Georges Mischo wëssen, wéi deen zu de Virwërf am oppene Bréif steet, mat deem e Samschde 35 Sportler:innen an Ex-Sportler:innen op den ëffentleche Blâme fir d’Dëschtennisspillerin reagéiert hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

An deem Schreiwes hat et ënner anerem geheescht, d’Dëschtennisfederatioun géif keng Kritik, keng eege Meenung a keng Verbesserungsvirschléi vun hiren Athleten zouloossen. Donieft freet de Marc Baum de Minister, ob deen et acceptabel fënnt, datt eng Elittesportlerin ëffentlech zu recht gewise gëtt, well si hir Meenung seet.

Ob de Minister a Kenntnis dovun ass, datt an der Vergaangenheet Meenungsverschiddenheeten tëscht Sportler:innen an der FLTT zum Enn vu Sportlerkarriäre gefouert hunn a wou eng am Koalitiounsaccord virgesinnen onofhängeg Mediatiounsinstanz drun ass, déi Sportler kontaktéiere kéinten, déi Meenungsverschiddenheete mat hirer Federatioun oder hirem Club hunn, freet de Marc Baum och.

D’Sarah de Nutte hat viru ronn annerhallwer Woch vum Comité-directeur vun der Dëschtennis-Federatioun e Blâme ausgesprach kritt wéinst hiren Aussoe bei den Olympesche Spiller zu Paräis. Enn Juli hat si an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft. D’Dëschtennisfederatioun hat Ufank September erkläert, déi Aussoen hätten der FLTT geschuet.