arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Opsteiger Biissen wënnt um leschten Spilldag iwwerraschend de Championstitel

Sport

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Opsteiger Biissen wënnt um leschten Spilldag iwwerraschend de Championstitel

Déi Biissener ware virun dësem Spilldag op der 2. Plaz mat 3 Punkte Retard op de Spëtzereider Déifferdeng. Am direkten Duell konnt sech den FC Atert Bissen doheem du knapp mat 1-0 behaapten an domat den éischten Championstitel an der Veräinsgeschicht sécheren.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
FC Atert Bissen | © Pit Beffort
FC Atert Bissen (Foto: Pit Beffort)

Biissen ass iwwerhaapt eréischt déi zweet Equipe zu Lëtzebuerg déi als Opsteiger Champion ginn ass. Bis ewell, war dat just der Stater Spora gelongen, viru genee 70 Joer.

Nom Schlusspëff war d’Freed op Biissener Säit riseg. D’Supporter sinn op den Terrain gelaf an hunn zesumme mat hirer Equipe de Championstitel gefeiert. Mattendran, de Roman Ferber, dee mat 30 Golbedeelegungen (20 Goler an 10 Virlagen) e groussen Undeel um Biissener Erfolleg hat. 

"Au bout, au bout, et on a tout donné, on a eu un championnat au début compliqué, après on a commencé à rêver, et aujourd'hui c'était vraiment la cerise sur le gâteau, c'est incroyable ce qu'on a réalisé pour le club. Il faut rester honnête : en venant de promotion d'honneur et arriver aujourd 'hui à être champion en première division Luxembourg, quand on voit le gouffre entre les équipes, c'est incroyable."

D'Enttäuschung war den Déifferdenger an d’Gesiicht geschriwwen

Den Déifferdenger Spiller, war d’Enttäuschung nom Match an d’Gesiicht geschriwwen. De Stiermer Artur Abreu huet d’Spëtzepartie esou erlieft. 

"Mir kréien e Gol op eng domm Situatioun, wou mer hinnen de Corner schenken. Mir woussten, datt se op Standarde gutt wieren. Da kréie mer eeben e schäiss Gol geschoss. Mir hu gedréckt. De Golkipper ass ëmmer gutt erauskomm vun hinnen. Ech mengen, wéi gesot, wa se Champion sinn, hu se et vläicht och verdéngt."

Vill Zäit bleift den Déifferdenger awer net fir de Kapp fräi ze kréien. Nächste Freide scho spille si an der Coupe Final géint Rouspert. Den Déifferdenger Kevin d’Anzico.

"Also, elo sti mol zwee Deeg de Kapp fräimaachen, Paus un. Ech mengen d'Coup ass eng aner Kompetitioun, et ass en anere Match. An da gi mer an de Stadion an da probéiere mer do dee Pokal wéinstens op Déifferdeng ze bréngen"

Trotz der Néierlag wäert Déifferdeng am Summer europäesch spillen. Den drëtte Veräin dee sech en Ticket fir eng europäesch Competitioun konnt sécheren ass Munneref. Hinnen  ass en 0-0 zu Stroossen duergaang fir déi drëtt Plaz ze behalen.

Opsteiger an d’Nationaldivisioun: Rëmeleng an Etzella Ettelbréck

Och am Kampf géint den Ofstig war et um leschte Spilldag nach spannend. Schlussendlech musse Rodange a Péiteng den direkte Wee an d’Éierepromotioun untrieden. 

Duerch d’Victoire géint Péiteng konnt sech dogéint Hesper u Kanech laanscht drécken a wäert nächst Joer sécher an der héchster Spillklass untrieden. Kanech a Mamer, déi gëschter 0-0 gläich gespillt hunn wäerten dogéint hir Plaz am Barrage musse verdeedegen. D’Géigner sinn da Wolz a Walfer.

Als direkt Opsteiger an d’Nationaldivisioun sti Rëmeleng an d’Etzella Ettelbréck fest. 

play_arrow Lauschteren