Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir sichen: Programm-Produzent:in fir e jonke Public (CDI, 40h)

Jobannonce

Mir sichen: Programm-Produzent:in fir e jonke Public (CDI, 40h)

De radio 100,7 sicht no engem/enger Programm-Produzent:in fir e jonke Public

auto_stories

2 min


De Média de service public 100,7 bedreift d’Radiosendere radio 100,7 an opus 100,7. Fir Kanner tëschent 3 a 12 Joer huet den 100,7 op senger Websäit 100komma7.lu an a senger mobiller App eng “Kannerkëscht” opgebaut, gutt gefëllt mat “on-demand” Lauschterspiller a Geschichten op Lëtzebuergesch. 

Am Kader vu sengem Service public Optrag wäert den 100,7 iwwer déi nächst Joren zousätzlech och eng Offer fir Jugendlecher entwéckelen. D’Zil ass et, fir, iwwer a virun allem mat Jonke Podcasten a soss Audio-Inhalter ze produzéieren, déi hiert Liewen, hir Froen an hir Suergen eescht huelen an erëmspigelen. 

An deem Kontext sicht den 100,7 een/eng 

Programm-Produzent:in fir e jonke Public  


Déi wichtegst Tâchen:

  • Ausschaffen, an Zesummenaarbecht mat der Programmdirektioun, vun engem Konzept fir Audio-Inhalter fir Jonker
  • Konzeptioun vu spezifeschen Emissiounen, Features oder Podcasten
  • Identifikatioun vun Theemen, Spriecher:innen a Gespréichspartner:inne fir dës Inhalter
  • Organiséieren a Begleede vun der Produktioun vun Inhalter
  • Kommunikatioun, Networking a Kollaboratioun, fir déi nei Offer bei sengem Zilpublikum bekannt ze maachen


Wéi eng Fachkompetenze siche mir?
 

  • En Diplom am Beräich Journalismus, Mediewëssenschaften, Bildungswëssenschaften, Konscht a Kultur oder Sozialpedagogik
  • Gespier fir Storytelling an Interviewféierung
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech), souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
  • Beruffserfarung am journalistesche Beräich, souwéi Radioerfarung si vu Virdeel


Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?

  • Strategescht a konzeptuellt Denken
  • Ausgepräägte sozial Kompetenzen, Empathie an eng pedagogesch Approche
  • Virwëtz a Begeeschterung fir breetgefächert Theemen ofzedecken
  • E Sënn fir Organisatioun an Zäitmanagement 


Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Eent de Kompetenzen entspriechend kompetitiivt Gehalt mat transparente Perspektiven
  • Eng Homeoffice-Reegelung
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng motivéiert Ekipp an engem kreativen an dynameschen Ëmfeld

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 23. September 2024 per Email un rh@100komma7.lu.