Radioen

On air

9 bis 1  |  Jordan Rakei - Wildfire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mann pickt sech mat spatzem Géigestand an den Hals

Tëschefall um Geriicht

Mann pickt sech mat spatzem Géigestand an den Hals

Um Stater Gericht koum et de Mëttwoch de Mëtteg zu engem Tëschefall. Wéi de Parquet liewenslängleche Prisong fir een 72 Joer alen Ugeklote wéinst Mord gefuerdert huet, huet dee sech mat engem spatze Géigestand an den Hals gepickt.

auto_stories

1 min

Stater Geriicht | © Serge Kesseler
Stater Geriicht (Foto: Serge Kesseler)

De Mann koum séier mat enger Ambulanz an d'Spidol, heescht et a verschiddene Medien. Hie stoung viru Geriicht, well hien am November 2022 zu Péiteng säin 29 Joer ale Jong mat engem Messer verwonnt hat, deen ass duerno gestuerwen. D'Urteel an der Affär ass fir den 3. Abrëll.

An enger anerer Affär awer gouf schonn d'Urteel geschwat. Ugeklot war hei e Jong, dee säi Papp am Dezember 2022 zu Esch erwiergt huet. Et war kee Mord, keng Dot mat Virsaz also, dat ass d'Urteel vum Gericht. Den Ugeklote krut 30 Joer Prisong. D'Riichtere sinn domat ënner der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet bliwwen. Deen hat am Prozess liewenslängleche Prisong fir den Adoptivjong vun haut 36 Joer gefuerdert.