Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
search

/ Israeelesche Krichscabinet war beieneen: Keng Decisioun gouf ëffentlech gemaach

Noen Osten

Israeelesche Krichscabinet war beieneen: Keng Decisioun gouf ëffentlech gemaach

Den israeelesche Krichscabinet war op en Neits beienee fir iwwer eng eventuell Reaktioun op déi iranesch Attacken op Israel ze beroden. Israel huet net ëffentlech gemaach, ob eng Decisioun geholl gouf.

auto_stories

1 min

D‘USA an aner Alliéiert vun Israel hunn déi iranesch Attacke verurteelt, mee si hunn d‘Regierung vum Benjamin Netanjahu opgeruff, sech zeréckzehalen an eng weider Eskalatioun ze verhënneren.

No der Sëtzung vum Krichscabinet sot de Chef vun der israeelescher Arméi, Israel misst reagéieren, nodeems den Iran Honnerten Dronen a Rakéiten op israeeleschen Territoire geschoss hat. Si ware bal all vun israeeleschen Ofwiersystemer interceptéiert ginn.