Den OKaJu recommandéiert der Politik en nationalen Aktiounsplang fir de Beräich vun der Kannermedezin auszeschaffen.
Eng Kannerklinik als Ausbildungsplaz
Lëtzebuerg misst eng Visioun fir d‘pedriatesch Versuergung fir dat ganzt Land entwéckelen. Hien hätt vu villen Acteure gesot kritt, datt si sech oft am Schiet vun der Gesondheetspolitik géife gesinn an net ëmmer déi éischt Prioritéit an der Entwécklung wieren, seet de Charel Schmit. Et wier och wichteg, datt d‘Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer, déi mat Kanner a Jugendlechen ze dinn hunn, och erhéicht misst ginn. Dat misst sech och am Studienangebot erëmspigelen. Dofir misst déi geplangte Kannerklinik och eng Ausbildungsplaz ginn, esou den Ombudsmann.
De Charel Schmit kéint sech och en Universitéitsspidol virstellen, dat mam Ausland a mat der Uni géif kooperéieren. An deem Kontext wier et effektiv positiv, datt och d'Infirmièresausbildung schonn op deen Niveau gehuewe ginn ass. Dat alles géif bäidroen, datt déi Beruffer attraktiv sinn.
Grouss regional Ënnerscheeder
Hie gëtt awer zou, datt d‘Situatioun vun der Kannerversuergung hei – verglach mam Ausland – awer zimmlech gutt wier. Et géif awer natierlech och déi subjektiv Perceptioun ginn, sou de Charel Schmit.
"Wann een zu de Waardezäiten an der Urgence vun enger Kannerklinik zousätzlech nach eng Stonn Trajet derbäirechent, dann ass dat en Ënnerscheed. An dann ass et trotzdeem a Regiounen, wou effektiv op zwanzeg Kilometer kee Kannerdokter méi ass, oder just nach een, wéi dat an där enger oder anerer Regioun zu Lëtzebuerg de Fall ass (speziell am Norden), dann ass dat schonn e reelle Problem fir d'Leit do am Alldag.“