Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Naturschutz méi op Makro- amplaz op Mikroebene kucken

Projet fir een neit Naturschutzgesetz

Naturschutz méi op Makro- amplaz op Mikroebene kucken

Den CSV-Deputéierten ass Rapporter vun engem Text, deen de Moment staark an der Kritik steet: De Projet fir een neit Naturschutzgesetz. A sengen Ae wier dat e wichtege Schratt fir datt grouss Projete kënne méi séier iwwert d'Bün bruecht ginn. Aktuell géif den Naturschutz op Mikroebene gekuckt ginn, an doduerch wier et extrem onflexibel, sou den Alex Donnersbach.

auto_stories

1 min

headphones

13 min

Alex Donnersbach | © Chris Zeien play_arrow
Alex Donnersbach (Foto: Chris Zeien)

Lauschterenplay_arrow

Dat neit Naturschutzgesetz soll méi Flexibilitéit beim Bebaue vun Terrainen bréngen. Dat, andeems net méi op Mikrolevel géif gekuckt ginn, mee op Makroniveau. De Gesetzesprojet géif iwwerdeems virgesinn, datt verschidde Spezië reegelméisseg iwwerwaacht ginn, erkläert den Alex Donnersbach. 

"Wann et do Regressioune ginn, da kann net méi iwwert de Couvert boisé ofgedeckt ginn. Da muss déi normal Prozedur, wéi si am Fong lo och ass, applizéiert ginn."

Et misst een den Zoustand vu beispillsweis Schmuewelen am Ganze kucken, an net op all eenzelt Nascht. Doduerch, datt ee bis ewell esou Näschter misst emsiedelen, géife Projeten an de Retard kommen.