Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Gréng Luucht fir europäescht Liwwerkettegesetz

Europaparlament

Gréng Luucht fir europäescht Liwwerkettegesetz

D‘EU Parlament stëmmt fir d‘europäescht Liwwerkettegesetz. Eng Majoritéit zu Stroossbuerg huet fir d‘Reegelung gestëmmt mat där Entreprisë fir Mënscherechtsverstéiss an hirer Liwwerkette responsabel gemaach kënne ginn.

auto_stories

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

D‘Gesetz hat rezent och fir Sträit a verschiddene Länner, ënnert anerem Lëtzebuerg, gesuergt.

D‘Parlament huet och méi streng Standarde géint d‘Loftverschmotzung bis 2030 gestëmmt. Fir Feinstaub soll d‘Uewergrenz deemno vun 2030 bei 10 Mikrogramm pro Kubikmeter leien. Bis ewell sinn et 25 Mikrogramm.

Dobäi gouf e Verbuet vun Einwegplastik an Hoteller a Restaurante beschloss. D‘EU-Staate mussen nach offiziell zoustëmmen.