Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Alfie Jukes - Eyes Wide

play_arrow Live
search

/ Gëtt et ee Wollef am Raum Bruechtebaach?

Naturverwaltung

Gëtt et ee Wollef am Raum Bruechtebaach?

Et war warscheinlech nees e Wollef ënnerwee zu Lëtzebuerg. Wéi d‘Naturverwaltung mellt, gouf am Raum Bruechtebaach, am Norde vum Land, en doudegt Kallef op enger Wiss fonnt, wat mat héijer Warscheinlechkeet vun engem Raubdéier gerass gouf. Et wier net ausgeschloss, datt et e Wollef war.

auto_stories

1 min

Wollef | © Federico Di Dio / Unsplash
Wollef (Foto: Federico Di Dio / Unsplash)

Fir dat ze iwwerpréiwe gi genetesch Analyse gemaach. Un de Bësswonne goufe Prouwe geholl fir do eventuell DNA vun engem Wollef nozeweisen. Déi ginn elo an e spezielle Labo an Däitschland geschéckt, Mat de Resultater gëtt an e puer Woch gerechent.

Zanter 2017 goufe reegelméisseg eenzel Wëllef zu Lëtzebuerg nogewisen.