Vill Seniore liewen an net-altersgerechten an ze grousse Wunnengen, dacks eleng an isoléiert. Vill Famille sichen dogéint verzweiwelt no enger gréisserer Wunneng a fanne jorelaang näischt, wat si sech kënne leeschten.
Keen einfacht Liewen
18,1 Prozent vun den Awunner an Europa si Senioren iwwer 65 Joer. Zu Lëtzebuerg läit dëse Prozentsaz bei 14,7 Prozent: Däitlech manner, wat sech duerch déi wirtschaftlech Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir Mënschen am Aarbechtsalter erkläert. Dëse Prozentsaz soll bis 2050 op gewalteg 40 Prozent klammen.
De Recensement vun 2021 vum STATEC bestätegt, datt d'Stéit zu Lëtzebuerg vill Plaz brauchen. 54,4 Prozent vun de Wunnengen hunn eng Fläch vu méi wéi 120 Meterkaree. Senioren hunn an der Moyenne 125 Meterkaree zur Verfügung. 60 Prozent vun hinne wunnen an engem Haus. Zwee Drëttel si Proprietär. Ongeféier d'Hallschent lieft eleng a vun Isolatioun bedrot. Bal een Drëttel vun de Seniore gëtt un, mat engem Handicap ze liewen. Mobilitéits-, Héier- a Siichtproblemer maachen hinnen d'Liewe schwéier an dacks leide si ënner Mehrfachbehënnerungen.
Loscht op een autonoomt Liewe maachen
Ass d'Wunneng net méi kompatibel mam Handicap, da steet e komplizéierten Ëmbau un, deen Nerven a Geld kascht. Geld kritt een am Alter kaum méi geléint an déi administrativ an technesch Hürde si komplizéiert.
Mat alternative Léisunge fir Seniore kéint een den Erausfuerderunge vum Alter besser gerecht ginn, besonnesch an der Zäitspan tëschent dem Antrëtt an d'Pensioun an der permanenter Fleegebedierftegkeet.
Wann alternativ participativ Wunnforme fir Seniore richteg attraktiv ginn, wann d'Virdeeler vum altersgerechte Wunnen däitlech ginn, an d'Loscht op een autonoomt an aktiivt Liewen am Kontakt mat anere Mënsche wiisst, gëtt Wunnraum, dee besteet, fräi. Dëse kann nei genotzt, an de Verkaf oder an d'Locatioun bruecht, oder eventuell enger Agence Immobilière Sociale zur Verfügung gestallt ginn.
Een Ëmdenken an der Planung
Zesumme Wunnen am Alter ass ee Beispill vun neier Wunnengsform. Do behält all Senior seng Privatsphär an enger méi klenger Wunnunitéit a kann, wann hien oder si dat wëllt, a Gemeinschaftsraim aner Senioren treffen. Een anert Konzept besteet doranner, datt jonk Leit bei eeler Leit gënschteg ënnerdaach kommen an dofir eng Hand bei den deeglechen Aufgabe mat upaken. Dëst kënnt de Besoine vun de Senioren entgéint an hëlleft ville jonke Leit wéi zum Beispill Studenten hire Wunnengsproblem ze léisen.
Well de Präis vun de Wunnengen op ville Plazen net méi ze bezuelen ass, missten d'Promoteuren - egal ob ëffentlech oder privat - méi kleng Wunnenge schafe, mat Gemeinschaftsraim, déi ee bei Bedarf eenzel oder kollektiv notze kann: Wann ee Besuch huet, fir Familljefester oder eng Yoga-Ronn, fir eng Partie Kaart ze spillen oder eng Netflix-Staffel ënner Frëndinnen ze kucken.
Mat engem Minimum u Planung an Oppenheet kann een hei e Maximum un Effikassitéit an Zesummenhalt erreechen, mat allem, wat ee fir d'Privatsphär, d'Gesellegkeet, d'Sécherheet a Confort brauch. Esou innovativ Wunnforme musse vun de Gemenge promovéiert, gebaut an a Locatioun fir Senioren ugebuede ginn.
Eng Noperschaft mat Leit, déi ee kennt
Och Tiny Houses kënne fir Senioren interessant sinn, integréiert an e flott Konzept vu gemeinsamen Infrastrukture fir d'Zesummeliewen am Duerf oder Quartier. Esou besteet d'Méiglechkeet - wann een dat well - sech ze begéinen, Aktivitéiten zesummen ze organiséieren, a villes méi. Eleng an trotzdeem zesummen. Et berouegt ze wëssen, datt an der direkter Noperschaft Bekannte sinn, déi een ëm Hëllef froe kann.
Ob betreit oder autonom Wunnen, ob a Studioen, klengen Appartementer oder an Tiny Houses, ob eleng oder zu e puer an enger Struktur: Wichteg ass, datt der Diversitéit vun de Seniore mat attraktiven, innovativen an abordabele Wunnforme Rechnung gedroe gëtt, fir datt Wunnraum, dee besteet, fir déi nächst Generatioune fräigëtt.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.