arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréiere franséische Premier Gabriel Attal wëllt President ginn

Frankräich

|
reading time

1 min

Fréiere franséische Premier Gabriel Attal wëllt President ginn

De fréiere franséische Premierminister Gabriel Attal huet haut seng offiziell Kandidatur fir d‘Presidentschaftswalen 2027 annoncéiert. Hie wier ambitionéiert fir Frankräich "d‘Land vun der Zukunft" ze maachen.

reading time

1 min

© EPA/TERESA SUAREZ
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

Domat aktivéiert hien de Walkampf vun der politescher Mëtt géint den Edouard Philippe, dee seng Kandidatur schonn Enn 2024 bekannt ginn hat.

Den aktuelle franséische President Emmanuel Macron kann 2027 net méi kandidéieren, well hie scho fir zwou Amtszäiten um Rudder war.