Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue07

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséische Premier huet Entrevuë mat de Gewerkschaften

Frankräich

Franséische Premier huet Entrevuë mat de Gewerkschaften

De franséische Premier Michel Barnier kënnt zanter gëschter a bis muer mat de Gewerkschaften zesummen, fir hir Revendicatiounen ze héieren a seng Pläng matzedeelen. Am Fokus steet dobäi och déi ëmstridde Pensiounsreform, de Barnier wëllt dës upassen, verschidde Gewerkschafte geet dat awer net duer.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow
Foto: Bigstock / PaulMaguire

Max Tholl (Paräis)

Gëschter koum de Michel Barnier mat der Marylise Léon, Generalsekretärin vun der gréisster Gewerkschaft, der CFDT, zesummen. 

Barnier bereet iwwer Steiererhéijung fir grouss Entreprisen ze schwätzen

Dës huet no der Entrevue vun enger konstruktiver Renconter geschwat a sot de Barnier hätt hir ze verstoe ginn, datt hien a sengem Regierungsprogramm, deen d'nächst Woch presentéiert gëtt, konkret Äntwerte wäert liwweren.

D'CFDT huet dem Barnier 40 Säite Revendicatioune virgeluecht, virun allem de Sujet Kafkraaft soll hei dominéieren. Gëschter Nomëtteg war dann nach de MEDEF, d'Gewerkschaft vun den Entreprisen, beim Barnier an huet sech bereet gewisen iwwer eng Steiererhéijung fir grouss Entreprisen ze diskutéieren. 

Gewerkschaft CGT rifft zum Streik op

Haut da kéint et méi Tensioune ginn. D'Sophie Binet vun der lénker Gewerkschaft CGT ass de Moien am Matignon a wëllt de Barnier iwwerzeegen, d'Reform vun der Assurance-Chômage net nees opzegräifen. De leschte Premier Gabriel Attal hat dës Reform wéinst den Neiwalen op Äis geluecht. Och wëllt d'CGT keng einfach Upassunge vun der ëmstriddener Pensiounsreform, wéi se de Barnier proposéiert, mee datt dës komplett zeréckgezu gëtt, esou d'Sophie Binet e Méindeg op Franceinfo.

Well de Barnier de Pensiounsalter net nees vu 64 op 62 erofsetze wëllt, huet d'CGT opgeruff den 1. Oktober ze streiken. Haut a muer kommen dann och nach déi aner grouss Sozialpartner fir eng Entrevue an de Matignon.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft