Mat Spannung gouf d'Usprooch vum Emmanuel Macron erwaart. Hien huet direkt um Ufank dem Michel Barnier fir säin Asaz Merci gesot an eng ganz einfach Explikatioun fir d'Ofsetze vun dësem fonnt. De rietsextreemen RN an d'Extême-Gauche wieren e "Front antirépublicain" agaangen, ënnerstëtzt vu Parteien, déi nach viru Kuerzem d'Land regéiert hunn - also d'Sozialisten.
Mat Bléck op deen neie Premier oder déi nei Premierministesch huet de Macron ugekënnegt, datt et schonn an den nächsten Deeg zu enger Nominatioun soll kommen. De President huet och schonn eng kloer Aufgab en vue gestallt: E "gouvernement d’intérêt général" opstellen, deen all republikanesch Parteie representéiert, déi sech wëllen uschléissen, oder op d'mannst net stierzen.
De Chef vum President senger Partei, den Ex-Premier Gabriel Attal, strieft eng Zort Accord de non-censure un, also e Pakt tëschent alle Parteien, ausser dem rietsextreemen RN an der Lénkspartei La France Insoumise, fir datt déi nächst Regierung net nees duerch e Mësstrauensvott fält. D'Sozialiste weise sech oppen. De Freideg de Moien ass d'Parteispëtzt vun de Sozialiste beim Macron fir eng Entrevue, och d'Droite an de Bloc Central ginn haut beim Macron erwaart. No der Usproch den Donneschdeg hat d'Lénkspartei LFI dem Macron säi Récktrëtt gefuerdert, dee sot allerdéngs, datt hie bis 2027 am Amt wäert bleiwen.