arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Flotilla-Aktivisten nees zréck zu Lëtzebuerg, si berichte vun Humiliatioun a Gewalt

Global Sumud Flotilla

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Flotilla-Aktivisten nees zréck zu Lëtzebuerg, si berichte vun Humiliatioun a Gewalt

Lëtzebuerg soll Israel méi konkret fir d‘Verbriechen am Noen Osten a fir d‘Interceptéiere vun de Booter condamnéieren. Esou ee vun den Appelle vun den Organisateure vun der Global Sumud Flotilla, nom Retour vun de Lëtzebuerger Participante vun der Hëllefsflott.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien | © EPA/MOHAMED MESSARA
Global Sumud Flotilla beim Depart an Tunesien (Foto: EPA/MOHAMED MESSARA)

D'Aktiviste vun der Global Sumud Flotilla hate versicht déi israeelesch Blockaden ze duerchbriechen a mat Booter humanitär Hëllef a Richtung Gaza ze bréngen.

Virun der Press hunn si haut de moien temoignéiert. Si hu vun Humiliatioun a Gewalt duerch déi israeelesch Arméi geschwat. Dozou den Abdessamad Taqui, ee vun de Lëtzebuerger Aktivisten, dee mat u Bord war. 

"Donc, ce qu'on a subi pour cette flottille, c'est une brutalité incroyable, inexplicable, parce que nous sommes des citoyens civils. On a rien fait d'illégal, donc la question que ça tourne dans ma tête tout le temps, nous on a été enlevés dans les eaux internationales, donc l'État israélien, il a commis une violation de droits internationaux claire, donc je me pose la question, est-ce que ce qu'ils ont fait est légal ou c'est légal? Si illégal, pourquoi nos gouvernements les soutiennent-ils toujours ? Ils ont des relations profondes avec l'État israélien, donc les gouvernements européens sont aussi complices de la violation des droits internationaux."

Kritik um israeelesche Policeminister 

De rietsextreeme Politiker hat selwer Videoe publizéiert op deen ze gesinn ass, wéi déi gefaange geholl Aktiviste vun der Internationaler Hëllefsflotilla ausgelaacht a mësshandelt ginn. Den Ausseminister Xavier Bettel verurteelt d’Verhale vum israeelesche Policeminister Itamar Ben-Gvir. 

Wat d'Lëtzebuerger Residenten ugeet, déi déi franséisch Nationalitéit hunn, wier ee wärend hirer Festnam an Israel, am Kontakt mat den zoustänneg Autoritéite gewiescht, esou nach de Xavier Bettel. 

Ronn 400 Aktiviste vun der Global Sumud Flotilla waren uganks der Woch vun der israeelescher Arméi gefaange geholl ginn.

play_arrow Lauschteren