Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EuGH stäerkt d'Rechter vun den Affekoten

Affekoten

EuGH stäerkt d'Rechter vun den Affekoten

Wat sinn d’Limitte vum Beruffsgeheimnis vun Affekoten? Déi Fro huet den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg um Donneschdegmoie mat engem Urteel beäntwert an domat d’Rechter vun Affekote gestäerkt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et goung konkret ëm d’Fro, wat déi Limitte sinn, wann eng Steierverwaltung Informatioune freet am Kader vum Informatiounsaustausch op Demande, deen duerch EU-Recht agefouert gouf.

Ursprong war eng Affär am Joer 2022

2022 hat déi spuenesch Steierverwaltung Informatioune bei där Lëtzebuergescher gefrot. Déi hat dunn eng Affekotenetüd opgefuerdert, Informatioune weiderzeginn iwwer hir Servicer fir eng spuenesch Firma.

D’Etüd hat geäntwert, si hätt just Informatiounen, déi ënnert d’Beruffsgeheimnis fale géifen. D’Steierverwaltung hat doropshin eng Geldstrof géint d’Etüd gesprach. Déi hat Recours dogéint agereecht an d’Verwaltungsgeriicht sech un den Europäesche Geriichtshaff adresséiert.

Amëschung an d’Recht op Respekt vun der Kommunikatioun tëscht Affekot a Client

An deem sengen Ae gouf d’Grondrecht op Respekt vun der Kommunikatioun tëscht Affekot a Client an dësem Fall verletzt. D’Berodung duerch en Affekot géif vu verstäerktem Schutz profitéieren, egal ëm wéi en Domaine vum Recht et geet.

Wat d’Decisioun vun enger Verwaltung ugeet, fir en Affekot opzefuerderen, Informatiounen iwwer seng Relatioune mat engem Client weiderzeginn: Dat stellt eng Amëschung an d’Recht op Respekt vun der Kommunikatioun tëscht Affekot a Client duer, sou den Europäesche Geriichtshaff.

Well de Contenu vu juristesche Berodungen am Steierrecht dem verstäerkte Schutz hei bal ganz entzu gouf, géif en Artikel vun engem Lëtzebuerger Gesetz vun 1931 zum Aushielege vun deem Schutz féieren, halen d’Riichteren nach fest.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa