Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue07

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDAS: Problemer ginn et net eréischt zanter der Affär Caritas

Éischt Journée du secteur social

FEDAS: Problemer ginn et net eréischt zanter der Affär Caritas

Am Joer vum Finanzbedruch bei der Caritas ass haut déi éischt Journée du secteur social. En Dag, deen op d'Wichtegkeet vum soziale Secteur soll opmierksam maachen an d'Problemer am Secteur thematiséiert. Der FEDAS no ginn et déi net eréischt zanter dem Finanzebedruch bei der Caritas.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Bigstock / Jirapong Manustrong

Organiséiert ass deen Dag vun der FEDAS, der Federatioun vun den Acteuren aus dem soziale Secteur. Ee vun de Problemer, mat deem de soziale Secteur konfrontéiert ass, ass de Personalmanktem, erkläert d'Julia Maria Zimmermann vun der FEDAS. Ville Leit wier net bewosst, datt am soziale Secteur net nëmmen Educateuren an Educatrice gesicht ginn, fir mat klenge Kanner ze schaffen. Et wier eng grouss Panoplie vu verschiddene Funktiounen a Beruffer.

Auswierkunge vun der Affär Caritas sinn um Terrain ze spieren

Dee selwechte Problem gëtt et och bei de Benevollen, déi sech am soziale Secteur nieft hirem alldeegleche Beruff engagéieren. Et géif ëmmer méi schwéier gi fir Leit ze fannen, déi benevole an engem Verwaltungsrot vun enger ASBL wëlle sinn, erkläert d'Julia Maria Zimmermann.

Duerch de Finanzbedruch bei der Caritas dierft dat an Zukunft och net méi einfach ginn. D'Affär Caritas selwer wëllt d'Julia Maria Zimmermann vun der FEDAS net kommentéieren. Et géif een awer Auswierkungen um Terrain spieren. 

"Wat mir mierken ass natierlech eng gewëss Veronsécherung am Secteur, virun allem par Rapport zu deem, wat elo wäert kommen. Mir kommen net derlaanscht, datt et Mesurë wäerte gi fir deemno wéi d’Gouvernance besser ze maachen, Maturitéit am Secteur besser ze maachen.“

Professionaliséierung an der Verwaltungsréit net op Käschte vun der Aarbecht

D‘FEDAS géif sech zanter Joren dofir ausschwätzen. Si géif sech awer Suerge maachen, datt Mesurë geholl ginn, déi deier sinn a schwéier ëmzesetzen. D'Federatioun fuerdert schonn zanter méi Laangem, datt e Budget virgesi gëtt, fir eng gewëss Professionaliséierung an de Verwaltungsréit virunzedreiwen, notamment duerch Formatioune fir d'Benevollen.

Dee Budget dierft awer net op Käschte vun der Aarbecht um Terrain goen, esou d’Julia Maria Zimmermann. Iwwerdeems hofft d'FEDAS och, bei den Diskussiounen iwwer méiglech Mesuren derbäi ze sinn. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft