Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
search

/ Een Dag mat op enger Klappjuegd

Juegd

Een Dag mat op enger Klappjuegd

Zanter gutt engem Mount ass Juegdsaison amgaangen. Am Gréngewald war et d’lescht Woch déi éischt Klappjuegd fir dës Saison. Organiséiert gouf si vun der Administration de la nature et des Forêts. D’Sophie Schroeder war dobäi an ass mat klappe gaangen

auto_stories

6 min

Foto: Sophie Schroeder

Eemol laang Tuten heescht: D'Juegd huet ugefaangen. Lass geet et queesch duerch de Bësch. Eng räissfest Box a gutt Schong sinn hei wichteg. Meng Aufgab als Kläpperin ass et, méiglechst de ganzen Terrain, op deem haut gejot gëtt, eemol ofzetrëppelen a Kaméidi ze maachen.

"D'Iddi ass net datt déi do lo renne sollen"

D’Marianne Jacobs, Responsabel fir d’Juegd bei der ANF kläert hei awer iwwer de Mythos op, datt et de Kläpper:innen hir Aufgab ass, d’Déieren an eng bestëmmte Richtung ze drécken. Et géif méi drëms goen, d'Déieren dozou ze kréien, sech ze beweegen. 

"D'Iddi ass och net, datt déi lo do renne sollen, well wa si rennen, da kënne mir kee proppere Schoss méi ofginn. An d’Iddi ass jo dass mir kënne propper schéisse well mir wëllen d’Fleesch herno jo och an de Konsum bréngen. Dat heescht mir sollen si einfach a Beweegung bréngen, datt si trëppelen."

Éier et de Moie lassgoung gouf nach kontrolléiert, ob all Jeeër:in ee gültege Juegdschäin huet an ob am leschte Joer ee Schéisstraining gemaach gouf. Da krute Jeeër:inne, wéi och Kläpper.innen nach ee mol d’Sécherheetsreegelen erkläert.

Da verdeelen sech déi am ganzen 100 Leit – ronn 60 Jeeër:innen a 40 Kläpper:innen - op déi bal 800 Hektar am Gréngewald. All Jeeër:in huet ee feste Posten an d’Kläpper:inne ginn a Gruppen opgedeelt, déi jeeweils ee virdefinéierten Deel vum Bësch oftrëppelen.

Haaptsächlech op Héichwëld

Geschoss gëtt op dëser Juegd haaptsächlech op d’Héichwëld. Also Réiwëld, Schwaarzwëld (Wëllschwäin) oder nach de Routhirsch.

"Dann awer natierlech och de Wäschbier, also déi invasiv Aarten, déi si sécherlech hei, dann ass deen natierlech och fräi."

De Roger geet schonn zanter iwwer 30 Joer mat op d’Juegd. Bei him läit dat Thema quasi an der Famill.

"Ech si vill dobaussen, ech ginn och vill fëschen. A mäi Papp a mäi Bop si schonn ëmmer mat dreiwe gaangen. A wéi ech mat der Uni bis fäerdeg war hunn ech de Permis gemaach, dat war och besser fir meng Nummeren."

© Sophie Schroeder
(Foto: Sophie Schroeder)

Manner gestresst wéi op der normaler Juegd

D’Michaela ass grad am Stage fir de Juegdschäin ze kréien. Si schafft bei der Naturverwaltung, wou si Kueren an der Ekologie an am Naturschutz gëtt. Dofir huet si sech nach méi fir d’Thema Juegd intresséiert.

"Ech fannen, dass schéin awer säin eegent Fleesch ze schéissen an dann och ze produzéieren an deem Sënn. An dat ass extreem gutt Fleesch. D’Déieren hunn ëmmer am Bësch gelieft, si haten ee gutt Liewen. Si ware par rapport zu der normaler Juegd guer net gestresst, dat mierkt een um Fleesch."

Net méi déi grausam Praktike vu fréier

Op d’Kritik vun zum Beispill Déiereschutzorganisatiounen, déi sech géint Klappjuegten ausschwätzen, reagéiert d’Marianne Jacobs vun der ANF ganz sachlech. Si géif verstoen, datt dacks zimmlech emotional doriwwer geschwat gëtt, wann et ëm den Doud vun Déiere geet. Hirer Meenung no wier et wichteg, sachlech z’erkläre firwat et wichteg ass, an och wéi d’Juegd hautdesdaags praktizéiert gëtt. 

"Et geet ëmmer virun, och d’Jeeër entwéckelen sech permanent. Et ass net méi dat wat ee kannt huet wéi et nach virun 20, 30, 40 Joer war, wou zum Deel ganz grausam Praktike gemaach goufen. Mee verschidde Praktike sinn nach an de Käpp vun de Leit."

Stellschrauf fir d'Erhale vum Ökosystem

Der Marianne Jacobs no ass d’Juegd eng grouss Stellschrauf wat d’Erhale vum Ökosystem vun de Bëscher ugeet. Mat der Juegd soll probéiert ginn, den dach relativ héije, Wëldbestand ze reguléieren. Och virum Hannergrond vun der Klimakris. D‘Déieren iessen zum Beispill och déi kleng Beem, wéi zum Beispill d‘Eechen, déi dem Klimawandel am Fong standhale kéinten.

"A wann awer ze vill Wëld do ass da frësst dat och déi kleng Beem, an dann hu mer ee Problem."

Wéinst dem Klimawandel réckelt den Ufank vun der Juegdsaison iwwregens ëmmer méi no hannen, erkläert nach d’Marianne Jacobs. Am Oktober wier et soss ëmmer scho vill méi kal gewiescht, wat wichteg fir d‘Klappjuegd wier.

"Wann een d’Wëld geschoss huet, dann ass et aus Hygiènesgrënn net immens gutt, do muss ee kucke fir dat alles ganz séier gemaach ze kréien, mee wann et lo méi frësch a méi kal ass, dann huet ee wäitaus méi Zäit fir déi Saachen ze maachen."

Ofschosspläng ginn all 3 Joer festgeluecht

All Joer ginn ëm déi 7.000 Réi an 8.000 Wëllschwäin uechter dat ganzt Land geschoss. Et géif een och plus ou moins d’Ziler, déi an de Ofschosspläng all 3 Joer festgeluecht ginn, erreechen.

No ganzer 3 Stonne goufen um Enn vun dëser Klappjuegd am ganzen 20 Réi a 5 Wëllschwäi geschoss. D’Fleesch gëtt u Lëtzebuerger Metzler, oder u privat Leit verkaf, déi intresséiert sinn. Ofgeschloss gëtt d’Juegd mat engem Iessen: Et gëtt Zopp a Mettwurscht – natierlech produzéiert aus dem Wëld, dat selwer geschoss gouf.

Lauschterenplay_arrow

Si sou vill Klappjuegden néideg?

Fir d'Ofschosspläng ze erfëllen, Jo, seet de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun Marc Reiter am 100,7-Interview. Et gëtt Eng 620 Lousen, datt sinn d'Juedggebidder. Fir all Lous gëtt eng Quot definéiert, déi muss geschoss ginn. D'Klappjuegd ass dobäi vill méi effizient, ewéi déi normal Juegd, erkläert de Marc Reiter.

Interview mam Marc Reiter 

Lauschterenplay_arrow