Radioen

On air

Moiesstudio  |  Réckbléck op d'Poopstvisitt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Doud vu 5 Hënn: Déiereschutzorganisatioun Frida mécht keng Plainte

Virfall an enger Hondspensioun

Doud vu 5 Hënn: Déiereschutzorganisatioun Frida mécht keng Plainte

Nom Doud vu 5 Hënn an enger Hondspensioun viru ronn engem Mount huet d’Déiereschutzorganisatioun Frida entscheet, keng Plainte ze maachen. Dat huet si op Facebook ugekënnegt.

auto_stories

1 min

D‘Police hätt genuch Beweiser an Informatiounen iwwert d‘Verstéiss vun der Besëtzerin vun der Hondspensioun zu Käerjeng.

Bis ewell wiere scho 4 Plainte vun de Besëtzer vun de verstuerwene Muppen deposéiert ginn, esou nach d‘Déiereschutzorganisatioun. 

Déi betraffen Hondspensioun hat zum Ament vun de Virfäll keng Autorisatioun vum zoustännege Landwirtschaftsministère.