Radioen

On air

De Moien  |  Autumn Sweater - Stay At Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den ukrainesche President reest op Washington

Alliéiert

Den ukrainesche President reest op Washington

Haut reest de Selenskyj op Washington. Hien huet de Mëtteg e Gespréich mam US President Joe Biden, dem Verdeedegungsminister Lloyd Austin a Membere vum Kongress.

auto_stories

1 min

Hie wäert hei weider Ënnerstëtzung fir d‘Ofwier vun der russescher Invasioun fuerderen. Et gëtt erwaart, datt hie ganz konkret Wënsch iwwert déi militäresch Oprëschtung formuléiert. Notamment iwwert eng Variant vu Rakéiten déi bis zu 300 km kenne fléien.