Radioen

On air

9 bis 1  |  Joesef, Loyle Carner - I Wonder Why

play_arrow Live
search

/ Däitschland schafft nees mam UN-Hëllefswierk UNRWA zesummen

Froen zur Neutralitéit waren opkomm

Däitschland schafft nees mam UN-Hëllefswierk UNRWA zesummen

Däitschland wäert nees mam UN-Hëllefswierk UNRWA zesumme schaffen. Dat huet déi däitsch Regierung haut matgedeelt. Dës Decisioun kënnt nodeems d‘Vereenten Natiounen zur Conclusioun komm sinn, datt net kéint nogewise ginn, datt UNRWA-Mataarbechter an de Massaker vum 7. Oktober verwéckelt waren.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Gehad Hamdy
(Foto: picture alliance/dpa | Gehad Hamdy)

Israel hat dat behaapt, ouni awer konkret Beweiser dofir kënne virzeleeën. D‘UNRWA huet doropshin erkläert, hiren Neutralitéitsprinzip nach méi strikt ëmzesetzen.

Och aner Staaten ënnerstëtzen d‘Organisatioun an Tëschenzäit nees finanziell.