Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Visitt vum Poopst aus der Siicht vun der Police

Den Hallwer Néng

D'Visitt vum Poopst aus der Siicht vun der Police

Et ass ee vun de gréissten Evenementer an der rezenter Geschicht zu Lëtzebuerg, och aus der Siicht vun der Police. Vill verroden dierfen déi Responsabel wéinst der Sécherheet zwar net, de Maurice Molitor huet trotzdeem versicht, déi eng oder aner intressant Info gewuer ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

play_arrow
De Bob Leesch (lénks) an den Hervé Schoettert (riets). (Foto: Maurice Molitor)

De Bob Leesch, Direkter vun den Operatioune bei der Police, a säin Adjoint, den Hervé Schoettert, si schonn zanter e puer Méint mat de Preparatioune vun der Poopstvisitt am gaangen. Am Fréijoer hunn déi éischt Virbereedungen ugefaangen, erkläert den Hervé Schoettert.

Haut um Donneschdeg – dem Dag vun der Visitt – sinn déi éischt Poliziste schonn um 6 Auer um Terrain gewiescht. Déi eenzel Sitten, déi de Poopst passéiere wäert, musse surveilléiert ginn.

“Relativ grouss” Risikostuf

Wéinst dem Sécherheetsrisiko dierf de Public awer net all d’Informatiounen zum Asaz vun der Police gewuer ginn, seet de Bob Leesch. Et hätt een et awer mat enger “relativ grousser” Risikostuf ze dinn. Déi wier vergläichbar mat der Visitt vum Wladimir Putin am Joer 2007.

Déi lescht Visitt vun engem Poopst zu Lëtzebuerg – dat war déi vum Jean-Paul II. am Joer 1985 – huet net grad gehollef, fir dës vun haut ze preparéieren. Ze laang ass et hier, sou de Bob Leesch, a villes huet sech geännert. Sou muss een haut oppassen, datt keng Dronen iwwert der Stad fléien, déi filmen oder Fotoe maachen. Gläichzäiteg huet d’Police natierlech och aner technesch Méiglechkeeten, fir d’Sécherheet vum Poopst an all de Visiteuren ze garantéieren.

Mam Papamobile duerch d’Stad

De groussen Deel vun der Visitt spillt sech an zouene Räim of. Dobäi kënnt awer nach den Trajet mam bekannte Papamobile, deen dobausse stattfënnt. Do kënnt et zu engem direkte Kontakt mam Public, wat aus der Siicht vun der Sécherheet vum Poopst natierlech e grousse Risiko duerstellt, erkläert de Bob Leesch.

“Suerge mécht eis dat an deem Sënn net, mee mir musse eis awer dann deementspriechend opstellen.”

Vill Leit si laanscht den Trajet placéiert. De Papamobile fiert och ganz lues, fir datt de Poopst mam Public interagéiere kann.

“Intressant” Diskussioune mat der Schwäizer Garde

D’Police Grand-Ducale kritt och Ënnerstëtzung aus dem Ausland: Hir belsch Kolleegen hëllefe beim Asaz, genau sou wéi och de Sécherheetsdispositif aus dem Vatikan. Wéi vill Policebeamten deen Dag am Asaz wäerte sinn, gëtt een awer net gewuer.

Och mat der bekannter Schwäizer Garde huet een zesummegeschafft. Et wieren “intressant Diskussioune” mat hinne gewiescht, esou de Bob Leesch. Um Enn huet zwar déi Lëtzebuergesch Police dat lescht Wuert, mee et wier ee sech bei de Preparatiounen awer ëmmer entgéint komm.

Wou ee sech awer sécher eens ass: Et wäert een intensiven Dag ginn. 

Lauschterenplay_arrow