Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Kid Satellite

play_arrow Live
search

/ D’Ukrain gouf och hënt vu russesche Rakéiten an Drone viséiert

Ukrainkrich

D’Ukrain gouf och hënt vu russesche Rakéiten an Drone viséiert

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet präziséiert, datt dës Kéier Gastransitsystemer ugegraff goufen.

auto_stories

1 min

Den ukrainesche Gaskonzern NAFTOGAZ huet esou Zerstéierunge confirméiert. Et fléisst nach ëmmer russesche Gas iwwert déi Leitungen déi duerch d’Ukrain féieren. Vu 2025 u géif d’Ukrain kee russesche Gas méi duerchloossen.

Russland huet de Moie präziséiert, datt 17 ukrainesch Dronen am Oste vum Land konnten ofgeschoss ginn.