Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
search

/ D‘Rout Kräiz mécht een urgenten Appell fir Blutt ze spenden

Reserve sou kanpp wéi nach ni

D‘Rout Kräiz mécht een urgenten Appell fir Blutt ze spenden

D‘Bluttreserve wiere sou déif wéi nach ni. Si géifen nach knapps eng Woch duergoe fir de Besoine vun de Klinicken hei am Land gerecht ze ginn, esou d'Rout Kräiz.

auto_stories

1 min

© Bigstock / ginasanders
Foto: Bigstock / ginasanders

Wéinst der Vakanz an den Infektiounswellen hätte manner Leit Blutt gespent. D‘Bluttreserve wiere schonn zënter e puer Méint um Minimum. Elo awer wiere se sou niddreg, datt se net méi kéinten duergoe bis Enn dës Joers. 

D‘Rout Kräiz mécht dofir en Appell fir an den nächsten Deeg Blutt spenden ze kommen. Dat kann ee mat engem Rendez-vous maachen. Et kéint een awer och spontan an ee vun de Blutttransfusiounszenteren an der Stad oder Esch-Belval goen.