Radioen

On air

E-Lodie  |  From Overseas, James Bernard, Zakè - Flint

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Am Alter vun 93 Joer: D'Marie-Paule von Roesgen ass gestuerwen

Lëtzebuerger Theater- a Filmactrice

Am Alter vun 93 Joer: D'Marie-Paule von Roesgen ass gestuerwen

Wéi RTL mellt ass d'Marie-Paule von Roesgen gestuerwen. Déi Lëtzebuerger Theater- a Filmactrice huet déi Lëtzebuerger Theaterwelt zanter de 70er markéiert. Si huet zu de bekanntste Gesiichter gehéiert, mat hirer markanter Frisur als Markenzeechen, an deem méi oder manner streng gebonnenen Tuppi.

auto_stories

3 min

Foto: MdL2005

Gebuer 1931 an der deemoleger Maternité am Pafendall an opgewuess an der Stad, als Duechter vun engem Affekot, huet d'Marie-Paule von Roegen schonn a jonke Jore Schülertheater gespillt. No der Première huet si awer ugefaange Medezin zu Stroossbuerg ze studéieren, ass op Zänntechniker gewiesselt an huet béides net ofgeschloss. Parallel ass si zu Stroossbuerg op de Conservatoire gaangen an huet zu Bonn Sprecherziehung geléiert. 

"Ech hat am Theater keen Zil", sot d'Marie-Paule von Roesgen 2007 an eiser Emissioun "Op Besuch" Si wier éischter passiv gewiescht an hätt sech dréiwe gelooss.

Op Besuch vun 2007play_arrow

E spéide Start

Den Duerchbroch op de Brieder, déi d'Welt bedeiten, koum fir d'Mamm vu 6 Kanner 1977, am Alter vu 46 Joer. Deemools am Guy Rewenig sengem Stéck "Amerikanesch Zoustänn" an enger Regie vum Philippe Noesen. Duerno war si an Dosende Produktiounen ze gesinn.  

2002 ass hire gréissten Theatersuccès: "Les Monologues du Vagin". Déi Produktioun vum Théâtre du Centaure mat eeben der Marie-Paule von Roesgen, der Marja-Leena Juncker an der Myriam Muller, gouf och um Theaterfestival zu Avignon gewisen an ass duerno op Tournée gaangen. Am Ganze gouf se eng 300 Mol gespillt.

Virun der Kamera

Wéi an den 80er Joren déi éischt Lëtzebuerger Filmproduktiounen erauskoumen, ass den Who is who vun der deemoleger Lëtzebuerger Theaterwelt virun d‘Kamera gewiesselt. Esou och d'Marie-Paule von Roesgen.

Si war ze gesinn an der éischter grousser Tëleesproduktioun "Déi zwéi vum Bierg" vun 1985, "De falschen Hond" vun 1989 oder och an der ZDF-Produktioun "Ex und hopp" vun 1991 vum Andy Bausch. Ee vun hire leschte Filmer war och vum Andy Bausch, nämlech "Rusty Boys" vun 2017.

1992 war d'Marie-Paule Von Roesgen d'Mamm vun der Braut am Film "Hochzäitsnuecht" vum Pol Cruchten: Ee Film, deen internationale Succès gefeiert huet. En huet um Filmfestival zu Saarbrécken de Max Ophüls Präis als beschte Film gewonnen. Et war awer och den éischte Lëtzebuerger Film, deen an der Selektioun "Un certain regard" um Filmfestival zu Cannes gewise gouf.

E weidere Film mat enger kuerzer Apparitioun vun der Marie-Paule von Roesgen war 2014 och zu Cannes:  "Amour fou": Ee Film vun der éisträichescher Realisatrice Jessica Hausner iwwer déi lescht Méint vum däitsche Poet Heinrich von Kleist.

Tëschent 1979 an 1996 huet d'Marie-Paule von Roesgen däitsch a franséisch Dictioun am Stater Conservatoire ginn: Een Job, un dee si duerch Zoufall koum. "Deemools war keng grouss Qualifikatioun gefrot", sot si 2007 an eiser Emissioun "Op Besuch"

Hei sot si och "Ech hunn ëmmer al Rollen ze spillen kritt". Si wier an hirer Karriär ni méi jonk, mee ëmmer méi al besat ginn.

Gehollef dobäi huet eebe sécher hire markanten Tuppi. Et ass dat Bild, wat de Grand Publique vun der Marie-Paule von Roesgen dierft behalen.

De Claude Mangen war de 25. November 2007 "Op Besuch" bei der Marie-Paule von Roesgen.

Op Besuch vun 2007play_arrow