Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
search

/ D'Konscht vum Uebstbamschneiden

Natur an Ëmwelt

D'Konscht vum Uebstbamschneiden

Uebstbeem pflanzen, Bongerte fleegen, ass ee Projet deen een iwwert Joerzéngte muss plangen. Och d’Schneide vun den Beem ass eng Konscht fir sech, dat ass eng vun de Feststellungen déi eis Journalistin Carole Schimmer no engem Cours am Bongert zu Mamer gemaach huet. Den Naturschutz Syndikat Sicona hat Bierger an de Bongert invitéiert wou Experten aus Thüringen alles ronderëm de Bam erkläert hunn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Bamschnëtt | © Carole Schimmer play_arrow
Foto: Carole Schimmer

D’Fleeg vun Uebstbeem ass passionant, mee komplex. A wann een am Bongert oder am Gaart säi Bam wëllt fleegen, da fänkt een u mat der Sécherheet, déi richteg Leeder, ee Casque, gutt Schong, Seeler fir sech am Bam ofzesécheren a sou weider.

D’Fleeg vun engem Bam ass vun Ufank u wesentlech. Se huet een Afloss op de Wuesstem vum Uebstbam iwwert déi nächste Joerzéngten. Gëtt de Bam net gefleegt, dann ass den Ertrag net méi esou héich an de Bam kann och Krankheeten entwéckelen, well Äscht aräissen, an de Pilz sech ka verbreeden, mam Risiko datt de Bam dorunner stierft.

Dowéinst gëtt de Bam wärend den éischte 5 Joer, am beschten all Joers geschnidden, mam Zil de Bamstamm a seng Héicht ze bestëmmen. Wat vill Leit net wëssen: De Bamstamm wiisst net mat, seet d’Anna Kira Koltermann vun Wildräume.

"Ich weiß, das klingt banal, aber der Ast, der da unten ist, an dem jungen Baum, der bleibt da unten, der wird dicker an der Stelle, der bleibt immer auf meiner Bauchnabelhöhe."

"Aufasten" an erzéien

Op wéi enger Héicht d’Bamkroun ufänkt, gëtt iwwert d’Schneide festgeluecht. Et soll een awer jee no Zort drun denken, datt d’Äscht mam Gewiicht méi spéit erofhänken. Dat nennen d’Profien aus Thüringen „aufasten“, erkläert den Christoph Henker.

Beim Bam-Erzéie geet et drëms déi Trieber ze wielen, déi dono déi verschidde Funktiounen hunn, déi déi Uebst sollen droen, an déi déi Blieder entwéckelen. Blieder sinn néideg fir d’Photosynthees an den Zocker ze produzéieren, se sinn awer och wichteg fir de Bam am Fall vun Hëtzt ze schützen. Et soll een also bei den Trieber déi ee wëllt schneiden d’Funktioun festleeën, a wësse wat genee ee schneide soll, erkläert d’Anna Kira Koltermann.

Een Uebstbam huet eng Haaptfunktioun, nämlech Uebst kënnen ze droen. A fir d’Uebst ze plécken, muss een zousätzlech plangen d’Äscht esou verdeelt ze kréien, datt een an de Bam era ka klammen.

Dat richtegt Geschier an déi richteg Technik

Wann een déi Prinzippie wëllt respektéieren, da muss den Uebstbam sou fréi ewéi méiglech, wann d’Äscht nach dënn sinn, richteg geformt ginn. D’Kroun also déi Partie iwwert dem Bamstamm soll Äscht hunn déi ronderëm esou verdeelt sinn, datt se een Equiliber erméiglechen. Äscht déi Uebst droen, sollen horizontal wuessen. An do ginn et speziell Klippen, mat deenen den Aascht ka fréi geformt ginn, preziséiert d’Anna Kira Koltermann.

"Ist gar nicht schlecht, wenn man gepflanzt hat und nicht alles mit irgendwelchen Stricken binden möchte oder mit anderen Hölzern, die man zusätzlich spreizen möchte. Kann man junge Äste mit denen in Form biegen. Weil, wir hatten es ja vorhin auf den Folien, die müssen in einer gewissen Weise stehen, weil die dann quasi anders weiterwachsen."

Wesentlech ass och déi richteg Technik an dat richtegt Geschier ze hu fir ze schneiden, fir de Bam net ze beschiedegen. Zerrappt een d’Faser mat schlechtem Geschier, da kann et zu Wonne kommen, mat engem Pilzbefall, oder den Aascht stierft of. A jee no Déckt vum Aascht oder vun den Trieber hëlt ee Seeën - wéi et schéngt sinn déi japanesch optimal - well se schaarf sinn an also d’Faser net zerrappen, oder d’Pëtzen déi och solle vu gudder Qualitéit sinn, do gëlt och de Prinzip, datt d’Geschier schneit an net zoupëtzt. De Bam kann da mat Hëllef vu sengem Saaft d’Wonn zoumaachen. Mäi Fazit vum Cours: Bamschneiden ass eng Konscht fir sech, déi et der wäert ass ze léieren. Wll wat de Schnatt besser realiséiert gëtt, wat de Bam méi gesond bleift an d’Recolte och besser ausfält.

Lount et sech zu Lëtzebuerg Uebstbauer ze sinn? Dat hu mir de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin gefrot.

Lauschterenplay_arrow