Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’EU ass prett, d’Juegd op de Wollef nees ënner bestëmmten Ëmstänn ze erlaaben

Lëtzebuerg huet d'Propos ënnerstëtzt

D’EU ass prett, d’Juegd op de Wollef nees ënner bestëmmten Ëmstänn ze erlaaben

D’Propos vun der Europäescher Kommissioun, de Schutzstatus vum Wollef vu “streng geschützt” op “geschützt” erofzestufen, krut déi néideg Majoritéit an der Reunioun vun den Ambassadeure vun de 27 EU-Memberstaaten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Wollef | © Bigstock / Dushenina play_arrow
Foto: Bigstock / Dushenina

Haut um Mëttwoch hunn d’EU-Ambassadeuren aus de 27 Memberlänner eng Demande vun der Europäescher Kommissioun gutt geheescht, d’Protektioun vum Wollef erofzesetzen.

D’Lëtzebuerger Regierung hat e Méindeg confirméiert, datt si hir Positioun an där Fro geännert huet an net méi dergéint ass, de Wollef manner streng ze schützen. Där nämmlechter Meenung ass elo déi grouss Majoritéit vun den EU-Memberstaaten.

Net just Lëtzebuerg huet seng Positioun geännert

D’Resultat vum Vott war haut erstaunlech kloer: Nëmmen zwee Länner - nämlech Irland a Spuenien - hu géint d’Propos vun der Kommissioun gestëmmt.

Véier Memberstaaten, dorënner d’Belsch, hu sech enthalen. De Rescht huet sech deemno dofir ausgeschwat, datt de Wollef elo soll vum Status “streng geschützt” op “geschützt” erofgesat ginn, an et domat méi einfach gëtt, de Wollef ze schéissen.

Zu deenen 21 Länner gehéiert och Lëtzebuerg, wat bis viru Kuerzem am Camps vun de Géigner vun enger Lockerung war. Och Portugal huet seng Meenung geännert, genee ewéi Däitschland, wat laang keng kloer Positioun am Dossier hat.

Muer um Donneschdeg soll déi nei europäesch Positioun an deem Dossier offiziell vun de Ministeren adoptéiert ginn.

Kritik vun den Ëmweltverbänn

Dono geet d’Prozedur virun: Fir de Statut vum Wollef ze änneren, muss eng Demande bei der sougenannter Berner Konventioun gemaach an dono déi entspriechend EU-Direktiv iwwert den Habitat geännert ginn.

D’Erofsetze vum Status soll deene Länner hëllefen, déi ënnert enger Iwwerpopulatioun vum Wollef leiden, sou de Spriecher vun der Kommissioun haut um Mëttwochmëtteg.

"Si kréie méi Flexibilitéit an deem, wat si maachen dierfen. Dat ass dat, wat si gefrot hunn."

D’Decisioun, de Wollef manner streng ze schützen, gëtt vun Ëmweltverbänn schaarf kritiséiert. Et ass net d’Léisung fir de Probleem, sou hiert Argument. Aplaz Wëllef ze schéisse sollt een op Preventioun setzen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa