Ee vun den Haaptgarante vun der Zesummenaarbecht sinn d'Comités de prévention communale, wou all d'Kommunikatiounsfiedem tëschent Gemeng a Police sollen zesummelafen. Dat gëtt awer jee no Gemeng ganz ënnerschiddlech gehandhaabt, esou ee Constat an der Kommissioun vum Meris Sehovic vun déi gréng. A sengen Ae misst iwwer de gesetzleche Wee Standarden definéiert ginn. Domat soll souwuel de Fonctionnement wéi och d'Kompositioun vun de Comités des préventions gereegelt ginn. Déi missten dann och souwäit wéi méiglech oppe sinn, esou de Meris Sehovic.
"Datt notamment zum Beispill och d‘Oppositioun kann deelhuelen, datt d‘Presenz vun den Agents municipaux an dem Gremium och sécher gestallt ass, well de Fait ass, datt deen haut nach net Realitéit ass."
Prozedur fir Kommunikatioun tëschent der Police an de Gemengen
Och fir den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana ass et virun allem d'Kommunikatioun, déi misst verbessert ginn. Dofir misste gemeinsam Standarde festgeluecht ginn. Et misst eng Prozedur fir d'Kommunikatioun tëschent der Police an de Gemengen ageféiert ginn, mengt den Dan Biancalana.
"Am Moment weess een, datt dat Ganzt éischter baséiert op enger gewësser Proximitéit, déi een huet oder net huet fir eng Rei Fluxen, fir eng Rei Ufroen ze maachen, fir och eng Rei Retouren ze kréie par Rapport zu den Aktiounen, déi och d‘Police mécht."
Suggestioun vum Inneminister
Och den Inneminister Léon Gloden huet um Mëttwoch de Constat gemaach, datt déi Comités de prévention méi reegelméisseg misste beieneekommen. Och de Fonctionnement misst méi kloer definéiert ginn.
"Mir hunn einfach opgrond vun der Etüd vun der IGP, déi do ganz hëllefräich war, festgestallt, datt dat Organ net ëmmer zesummekënnt, a wann et zesummekënnt och net reegelméisseg zesummekënnt an och net no enger standardiséierter Prozedur ofleeft."
Déi Suggestioun hätt hien den Deputéierten och gemaach, esou nach de Léon Gloden.