Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ China bleift vu staarken Iwwerschwemmunge geplot

Am Süde vum Land

China bleift vu staarken Iwwerschwemmunge geplot

Wéinst de staarken Iwwerschwemmungen am Süde vu China gouf an där Regioun elo eng rout Alerte deklaréiert. Dat ass den héchsten Niveau. Am schlëmmste betraff ass d‘Provënz Guangdong.

auto_stories

1 min

China | © picture alliance / CFOTO
China (Foto: picture alliance / CFOTO)

Op d‘mannst 4 Leit koume bis elo ëm d‘Liewen, méi wéi 100.000 Awunner hu missen evakuéiert ginn. Op Biller gesäit ee grouss Deeler vu Landflächen, déi komplett iwwerschwemmt sinn. E puer Flëss sinn iwwer d‘Ufere gelaf.