Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search

/ COP29 geet an déi decisiv Phas

Baku

COP29 geet an déi decisiv Phas

Optakt vun der zweeter Woch vun der Weltklimakonferenz COP29 zu Baku. Et ass déi decisiv Woch vun dësem Sommet, op deem Vertrieder aus bal 200 Staaten zesummekommen an d'Ëmsetze vum Paräisser Klimaofkommes bewäerten.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka

Déi nächst Deeg soll virun allem iwwer de Sujet Klimafinanzéierung diskutéiert ginn. Oppen ass nach, ob zesumme mat China oder och de Golfstaaten een Accord fonnt gëtt.

D'Zousoe fir Klimaupassungsmesuren, déi bis elo vun den Industrielänner virleien, leien den Ament däitlech ënner de gefuerderten Zommen.

Offiziell geet d'Weltklimakonferenz nach bis e Freideg. Et ass awer net ausgeschloss, datt se verlängert gëtt.

Wat sinn d'Knackpunkten op der internationaler Klimakonferenz zu Baku? Mir hunn den Andrew Ferrone vum Ëmweltministère gefrot.

Lauschterenplay_arrow

Greenpeace bleift optimistesch

Obwuel de politesche Wëlle feele géif, bléif d’Hoffnung op der Weltklimakonferenz bestoen, schreift Greenpeace um Méindegmoien an engem Communiqué. An der éischter Verhandlungswoch wier et nëmmen zu klenge Fortschrëtter komm, sou d’Ëmweltorganisatioun.

D’Ministeren, déi elo op d’COP29 an den Aserbaidschan kommen, missten de Stëllstand iwwerwannen, virun allem wat d’Finanzéierung vum Kampf géint d’Äerderwäermung ugeet, mengt Greenpeace.