Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
search

/ Brittesch Regierung steet weider hannert dem Ruanda-Gesetz

Ëmstriddent Gesetz

Brittesch Regierung steet weider hannert dem Ruanda-Gesetz

Dat gesäit vir, datt Flüchtlingen, déi op illegalem Wee a Groussbritannie koumen, direkt an de Ruanda kënne geschéckt ginn an do eng Demande fir Schutz kënne maachen.

auto_stories

1 min

Am Parlament hunn déi konservativ Tories dem Premier Rishi Sunak weider de Réck gestäipt an Ännerungen um Gesetz ofgeleent, déi d‘House of Lords fuerdert. Dat Iewescht Geriicht zu London hat d‘Gesetz als illegal deklaréiert. Dofir wëllt d‘Regierung elo de Ruanda per Gesetz als séchert Land deklaréiere fir Plaintë vu brittesche Geriichter ze verhënneren.