Radioen

On air

Popfilter  |  

play_arrow Live
search

/ Bis e Freidegmoie fiert keen Zuch tëschent Rodange a Lonkech

Wéinst Streik bei der SNCF

Bis e Freidegmoie fiert keen Zuch tëschent Rodange a Lonkech

Bei der franséischer Eisebunn huet e Streik ugefaangen. Dee gëtt allerdéngs net massiv ënnerstëtzt. Dat nodeems gëschter annoncéiert gouf, datt d‘Salairen op der franséischer Eisebunn 2025 erhéicht ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Robert Schmiegel

D‘TGVe sollen eenegermoossen normal fueren. Bei den TERen sinn et der awer just 7 vun 10. De Streik huet awer trotzdeem Repercussiounen op de Regionalverkéier.

D'CFL hu gëschter matgedeelt, datt bis e Freideg de Moie keng Zich tëschent Rodange a Lonkech fueren.