Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bettenduerf ass géint Nordstad, déi aner Gemenge schaffe weider um Projet

Nordstadfusioun

Bettenduerf ass géint Nordstad, déi aner Gemenge schaffe weider um Projet

Am Gemengerot vu Bettenduerf hunn um Mëttwoch 7 vun 11 Gemengerotsmembere géint d'Weiderféierung vu Fusiounsgespréicher gestëmmt. Den Inneminister Léon Gloden bedauert dës Decisioun. De Fusiounsprojet wäert ouni Bettenduerf weidergoen.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Schlass zu Bettenduerf (Foto: Wikimedia Commons)

Et géife vill Knackpunkte ginn, een dovunner wier, datt een net weider kënnt mat der Fuerderung a Saachen CDA. Si wëllen als Centre de développement et d'attraction gläichgestallt gi mat Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng-Sauer. De Statut vum CDA bréngt Suen. Mam Vott gëschter ass Bettenduerf aus dem Nordstadprojet eraus, seet de Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen am Tageblatt.

Déi aner Gemengen halen um Projet fest

De Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer Claude Gleis seet am 100,7-Interview hie wier relativ iwwerrascht iwwer déi Decisioun. D'Schäfferéit aus den anere Gemenge wëllen awer um Projet festhalen. Et géifen och schonn Aarbechtsgruppen dru schaffen an anerer géife gläich ufänken.

Wéi geet et elo weider, bleiwen déi aner 4 Gemengen dobäi datt si wëlle fusionéieren, dat hu mir de Moien  de President vum Syndikat Nordstad gefrot:

"Do sinn dann elo eebe keng Leit méi vu Bettenduerf derbäi, mee déi aner véier Gemenge sollen do weiderschaffen. Déi Timeline, déi mer gestëmmt hunn, déi steet nach ëmmer an d'Zäit drängt."

Ausso vum Claude Gleis lauschterenplay_arrow

Léon Gloden: CDAe kënnen net einfach sou verdeelt ginn

Den Inneminister Léon Gloden bedauert d’Decisioun vum Bettenduerfer Gemengerot, fir net méi Deel vun der Nordstadfusioun ze sinn. Et kéint een de Gemengen d‘CDAen „net einfach sou verdeelen“, dofir mussen d‘Gemenge verschidde Krittären erfëllen. Soss géif et geschwë méi CDAe ginn, wéi Gemengen, esou den Inneminister.

Dem Léon Gloden no géif bis elo alles drop hindeiten, datt d’Nord-Stad-Fusioun dann ouni d’Gemeng Bettenduerf, mee mat Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren zustane kënnt.

Ausso vum Léon Gloden lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National