Radioen

On air

Moiesstudio  |  Presserevue07

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Avant-Première vum Film „Operatioun Pauly“

Film

Avant-Première vum Film „Operatioun Pauly“

Zu Ollem am Festsall gouf d‘Wierk „Operatioun Pauly“ vum Marc Thoma fir d‘Avant-Première virgefouert. Am Film handelt et sech ëm eng reell Geschicht vu véier Männer déi am zweete Weltkrich aus engem KZ geflücht sinn.

auto_stories

2 min

Ee Mann aus der Belsch, een aus Polen an zwee aus Lëtzebuerg, de Pierre Schaul an den Nic Wolff, waren 1944 aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald geflücht andeems se däitsch Uniformen an en Auto geklaut haten. Mat dem si si bal zeréck an de Grand-Duché komm: Déi abenteuerlech Flucht ass hinnen um Enn gegléckt.

Zwee Joer laang recherchéiert

De Regisseur Marc Thoma seet, hie wier duerch Zoufall op déi Geschicht komm. Hien hätt ee ganz klengen Artikel fonnt, iwwer Lëtzebuerger, déi an der SS-Uniform ausgebrach wieren. A senge Recherchë wier hien op immens vill Dokumenter gestouss.

„Souguer d’Uni vu Kassel, hunn ech du fonnt, haten eng Aarbecht driwwer geschriwwen! An du si mer iwwerall higefuer, op Buchenwald an d’KZ, Arolsen, mir hunn d’ganz Streck, alles wierklech recherchéiert, zwee Joer laang, an dat hei ass elo d’Resultat.”

Ausso vum Marc Thomaplay_arrow

Déi 3. Däitsch Tëlee géif e Reportage doriwwer maachen. Eng grouss Satisfaktioun fir de Regisseur: De Lëtzebuerger Filmfong hätt de Film net ënnerstëtzt.

Ënnert de Leit, déi sech de Film ukucke koumen, war d’Lucie Wolff, d’Schwëster vum Arolsen-Ausbriecher Nic Wolff. Hir géifen d’Knéien zidderen, sot si no der Virstellung. Si géif de Film och mat Houfert am Kapp behalen.

Ausso vun der Lucie Wolffplay_arrow

De Film “Operatioun Pauly” ass vun e Mëttwoch un an de Kinoen uechtert d’Land ze gesinn.

 

Kultur
Kino