Radioen

On air

Notturno  |  Maya - We Messed Up The Clouds, My Love

play_arrow Live
search

/ Australien - Messerattack gouf als terroristesch Attack agestuuft

International

Australien - Messerattack gouf als terroristesch Attack agestuuft

Zu Sydney gouf et de Méindeg wärend enger Mass eng Messerattack an enger Kierch. Véier Leit goufe blesséiert, dorënner e Bëschof. Si sinn net a Liewensgefor.

auto_stories

1 min

En Teenager vu 16 Joer gouf als presuméierten Täter verhaft. D‘Police huet d‘Attack elo als terroristesch Attack agestuuft. Éischten Erkenntnisser no, war dem Täter säi Motiv "reliéis motivéierten Extremismus“, esou d‘Police.

D‘Messerattack an der Kierch war just zwee Deeg no der déidlecher Messerattack an engem Akafszenter zu Sydney, bei där siwe Leit ëm d‘Liewe koumen, dorënner den Täter.